Carbonade flamande

Schwieregkeetsgrad 2/5

Dir maacht mat dësem Rezept mat Béier-Moschter och deem gréisste Gourmet eng Freed. E kulinaresche Klassiker!

  • -Schnatz Botter
  • -500 g Carbonade de boeuf (a Scheiwen oder als Ragoût)
  • -2 Ënnen, a Lamelle geschnidden
  • -4 Tranchë Brout
  • -Moutarde de Luxembourg „à la bière“
  • -500 ml Béier Simon Régal
  • -Salz a Peffer
Carbonade flamande

  1. 1D’Fleesch an engem Dëppen ubroden
  2. 2Wann d’Fleeschstécker brong sinn, de Béier Simon Regal an d’Ënnen derbäiginn.
  3. 3Salzen a pefferen. Den Deckel dropmaachen an 1/2 Stonn lues kache loossen.
  4. 4Moschter op d’Tranchë Brout schmieren an d’Brout op d’Fleesch leeën (ouni se ze briechen oder mam Fleesch ze vermëschen) a minimum 1,5 Stonn bei klenger Flam lues kache loossen.
  5. 5Wann d’Fleesch mëll ass, alles vermëschen.