GeKachte Geméis mat BBQ zooss [Vegetaresch]

Schwieregkeetsgrad 3/5

Als vegetaresche Plat oder als Beilag bei Fleesch oder Fësch, dëst Rezept gefält klengen a grousse Gurmangen

  • -3 mëttelgrouss Gromperen
  • -2 Wuerzelen
  • -1 rout Ënn
  • -2 net geschielte Knuewelekszéiwen
  • -2 Putsch platte Péiterséileg gehackt
  • -Salz
  • -Peffer
  • -1 EL Herbes de Provence
  • -3 EL Sonneblummenueleg
  • -3 EL BBQ Zooss
  • -1 gudden EL wäisse Kéis
  • -1 TL Mëllech
  • -1 TL rout Ënn a kleng Würfel geschnidden
  • -2 Putsch platte Péiterséileg gehackt
GeKachte Geméis mat BBQ zooss [Vegetaresch]

  1. 1De Schäffchen op 220°C virwiermen
  2. 2D’Geméis wäschen an d‘Wuerzele schielen. D’Gromperen a véier schneiden, d’Ënn a Rondelen an d’Wuerzelen an net ze déck Stéckercher schneiden
  3. 3Dat geschniddent Geméis mam Knuewelek an e Plat man fir an de Schäffchen. Ueleg, Salz, Peffer, Herbes de Provence an d’Barbecuezooss derbäiginn. Gutt mëschen esou datt d’Zooss dat ganzt Geméis bedeckt
  4. 4An de Schäffche stelle fir 30 Minutten
  5. 5Mat engem Messer an d’Gromper picke fir ze kucken ob se duerch ass. Wa se nach ze haart ass, nach e bëssen am Schäffche loossen
  6. 6De Plat aus dem Schäffchen huelen a gehackte Péiterséileg iwwer d’Geméis verdeelen
  7. 7An enger Schossel de wäisse Kéis an d’Mëllech opschloe bis d’Mëschung glat an homogen ass
  8. 8Salz, Peffer, d’Ënn an de Péiterséileg derbäiginn
  9. 9Mëschen a beim Geméis zerwéieren