Pulled Pork

Schwieregkeetsgrad 3/5

Dëst Fleesch schmëlzt am Mond, herrlech als Burger oder mat gebootschte Gromperen.

  • -1 Judd ouni Schank (ongeféier 1,5 kg)
  • -500 ml BBQ Zooss vun der Moutarderie de Luxembourg
  • -1,5 L Äppeljus
  • -50 g Miersalz
  • -100 g Paprikapolver
  • -100 g Rouerzocker
  • -2 EL Knueweleck am Polver
  • -1 EL Ënnen am Polver
  • -1 EL gemuelene schwaarze Peffer
  • -1 EL Cayennepeffer
  • -1 EL Kümmel am Polver
  • -1 TL Moschter am Polver
Pulled Pork

  1. 1Mësch all d’Ingrediente fir eng dréche Marinade an enger Schossel
  2. 2De Judd mat der Marinade areiwen
  3. 3En an e Plat leeën, mat Folie zoudecken a minimum 4 Stonne marinéiere loossen
  4. 4De Schäffchen op 110°C Ëmloft virwiermen
  5. 5Leet d’Fleesch op e Grill mat engem Opfangblech drënner
  6. 6Schëdd 1,5 L Äppeljus an d’Opfangblech
  7. 7Stiecht den Thermometer an d’Mëtt vum Fleesch
  8. 8De Judd esoulaang kache bis d’Temperatur bannen am Fleesch 91°C bis 93°C kritt (dat ka bis zu 16 Stonnen daueren)
  9. 9D’Fleesch aus dem Schäffchen huelen a roue loossen
  10. 10Wann d’Fleesch kal ass et mat zwou Forschetten a kleng Stécker rappen
  11. 11Vill BBQ Zooss vun der Moutarderie de Luxembourg virum Zerwéieren derbäiginn