Thai Poulets Burger mat Samouraï Zooss

Schwieregkeetsgrad 2/5

Mécht 4 Burger – Preparatioun: 40 Min

  • -2 Poulets-Brëscht (400g)
  • -1 Iessläffel Ingwer-Paste
  • -1 Iessläffel Zitrounegras-Paste
  • -1 Knuewelekszéif, zerdréckt
  • -2 Iessläffel Koriander, gehackt
  • -1 Iessläffel Thailännesch Fëschzooss oder Sojaszooss
  • -1/4 Téiläffel Salz
  • -1 Iessläffel Moutarderie de Luxembourg Samouraï Zooss
  • -4 Iessläffel Panko Chapelur
  • -Sonneblummenueleg
  • -1 rout Enn
  • -50g Zocker
  • -120ml Wäisswäinesseg
  • -6 schwaarz Pefferkären
  • -4 Burger-Bréidercher
  • -Laitue oder Eisbergzalot
  • -Koriander
Thai Poulets Burger mat Samouraï Zooss

  1. 1Mat den ageluechten Ennen ufänken: d’Enn schielen an an reng Tranchen schneiden. Den Zocker, Esseg, Pefferkären an Salz an en Dëppen ginn an opkachen fir dass den Zocker sech opléist. D’rout Ennen derbäiginn an 2 Minutten kachen loossen. Vun der Kachplack huelen an op d’Säit stellen wärend de Rescht preparéiert gëtt.
  2. 2Fir d’Burger-Patties: de Poulet an Stecker schneiden an mat de reschtlechen Ingredienten an e Mixer ginn. An kuerzen Intervallen mixen fir d’Fleesch ze hacken ouni et matscheg ze mixen. Soubal et eng graff Textur huet, 4 Burger-Patties aus der Mëschung formen an op en Teller ginn.
  3. 3Den Schäffchen op 180°C Umluft erhëtzen. E bëssi Sonneblummenueleg an eng grouss Pan erhëtzen an d’Burger op all Säit 2 1/2 Minutten ubroden. Op en Bakblech mat Bakpabeier leen an 10 Minutten am Schäffchen baken.
  4. 4D’Burger-Bréidercher opschneiden an e puer Minutten an de Schäffchen leen, bis se liicht geréischtert sinn.
  5. 5En gutt Portioun Samouraï Zooss op di opgeschnidden Säiten vun de Bréidercher sträichen. Di ënnescht Breidercher mat engem Zaloteblat beleeën an jeeweils een Burger Patty dropleeën. E puer ageluechten Ennen dropginn an dann mat Koriander bestreeën. Mat engem Breidchendeckel bedecken fir e Burger ze formen. Direkt zerwéieren.
  6. 6- TIPP: Mat Séissgromperfritten an Samouraï Zooss fir ze dippen zerwéieren.