Scones mat Moschter an Hunneg

Schwieregkeetsgrad 2/5

Einer britische Klassiker herzhaft interpretiert mit unserem Senf “à l’ancienne” und Honig. Rezept von Vegelizious.

  • -280g Miel
  • -70g Botter
  • -2 Iessläffel Moschter « à l’ancienne »
  • -1 Iessläffel Hunneg
  • -1 Téiläffel Bakpolver
  • -1 Ee (+1 fir ze besträichen)
  • -60ml Mëllech
Scones mat Moschter an Hunneg

  1. 1Den Schäffchen op 200°C erhëtzen.
  2. 2Den Botter a kleng Stécker schneiden an zesummen mat dem Miel an dem Bakpolver an enger Kichemaschinn knieden (d'Hänn net benotzen, fir datt den Botter net schmëlzt).
  3. 3De Moschter, den Hunneg an d‘Ee derbäiginn an knieden bis datt den Deeg net méi pecht.
  4. 4D'Aarbechtsplack mat Miel bestreeën an den Deeg 3-4 cm déck ausrullen. Kreesser vun ongeféier 6 cm Duerchmiesser mat engem Ausstiecher ausstiechen (Dir kënnt zum Beispill eng Expresso Taass als Ausstiecher benotzen).
  5. 5D’Scones fir 30 Minutten ant Killtru stellen. Een Ee mat enger Schlupp Mëllech zesummemëschen an d‘ Scones domadder besträichen.
  6. 6D’Scones op een mat Bakpabeier beluechtent Blech leeën an 10-15 Minutten am Schäffchen baken bis se gëlle sinn (eventuell méi laang wann Är Scones méi grouss sinn).