Döner mat Poulet

Schwieregkeetsgrad 3/5

Fir 4 Persounen – Virbereedung: 20 Minutten – Schäffchen: 45 Minutten – 1 Nuecht marinéieren. Rezept vun Anne’s Kitchen.

  • -5 desosséiert Pouletsstrempelen
  • -1 Knuewelekszéif, zerdréckt
  • -2 Iessläffelen Olivenueleg
  • -½ Téiläffel Chiliflacken
  • -1 Téiläffel Kräizkümmel, gemuelen
  • -1 Téiläffel Paprikapolver
  • -½ Téiläffel Kanéil
  • -1 Téiläffel Oregano
  • -1 Téiläffel Salz
  • -Zest vun 1 Zitroun
  • -Jus vun ½ Zitroun
  • -1 Iessläffel Andalouse Zooss
  • -1 kleng rout Enn
  • -2 Iessläffel Esseg
  • -e puer Eisbergzalot Blieder
  • -2 Tomaten
  • -½ Kornischong
  • -4 grouss Pittaen oder 8 klenger
  • -Andalouse Zooss, fir ze zerwéieren
Döner mat Poulet

  1. 1Den Dag virdrun mat dem Marineieren vum Fleesch ufänken. All d’Ingredienten an enger Schossel vermëschen, de Poulet derbäiginn an gutt mat der Marinade bedecken. Mat Frischhaltefolie ofdecken an iwwer Nuecht oder mindestens 4 Stonnen an de Frigo stellen.
  2. 2De nächsten Dag de Schäffchen op 200°C virhëtzen. De Poulet op 2 Spiisser opspiissen, sou dass di 2 Spiisser duerch all Stéck Poulet ginn an de Poulet en Place halen. De Poulet gutt fest zesummendrécken.
  3. 3Eng Bakform mat Aluminium oder Bakpabeier bedecken an en Grill op d’Form leen. Den Fleeschspiess op den Grill leen an mat e bëssi Fleur de Sel bestreen. Am virgeitzten Schäffchen 45 Minutten baken, dobäi an der haltschegt vun der Zäit emdreien fir dass en gläichméisseg baakt.
  4. 4An der Tëschenzäit d’Geméis fir d’Fëllung preparéieren. Di rout Enn schielen an a reng Tranchen schneiden. An eng Schossel ginn an 2 Iessläffel Esseg derbäiginn, dann mat Waasser bedecken (de strenge Goût vun der réier Enn gëtt sou e bëssi mi douce). Op d’Säit stellen an aweechen loossen bis ee prett fir ze zerwéieren ass.
  5. 5D’Eisbergzalot reng hacken, d’Tomaten a Scheiwen schneiden, d’Kornischong an Sträifen schneiden.
  6. 6Wann d’Fleesch duerch ass, aus dem Schäffchen huelen an mat Aluminiumpabéier bedecken. 15 Minutten rouen loossen éier et geschnidden gëtt, fir dass d’Jusen net auslafen.
  7. 7No 15 Minutten den Tranchen Fleesch ofschneiden. D’Pittaen eng no der anerer 30 Sekonnen am Mikrowellen waarmmachen. D’Pitta-Täschen opmaachen an jeeweils en Iessläffel Andalouse dra verdeelen. Dann mat e bëssen Zalot, Tomat, Kornischong, rouder Enn a Poulet vollstoppen. Virum Zerwéieren nach e bëssi méi Andalouse Zooss dropginn.
  8. 8TIP: Dir kënnt d’Geméis fir d’Fëllung mat ärem Lieblings Zaloten Dressing vermëschen eier dir et an d’Pitta stiecht.