Féierstengszalot Sandwiches

Schwieregkeetsgrad 3/5

  

Rezept vun Anne’s Kitchen. Kichelchersausstiecher a Form vun Lëtzebuerg kritt een an eisem Online-shop. E-shop Moutarderie ukucken. 

  • -Fir d’Fleesch:
  • -500g Paleron
  • -1 Wuerzel
  • -Porettengréngs vun 1 Porett
  • -1 Lorberblat
  • -3 Pefferkären
  • -1 Iessläffel grafft Salz
  • -Fir d’Fëllung:
  • -3 Iessläffel Moschter "original"
  • -4 Iessläffel Mayonnaise "aux oeufs"
  • -2 Iessläffel Wäisswäinesseg
  • -30g Kornischongen aus dem Glas
  • -4 Iessläffel Waasser vun de Kornischongen aus dem Glas
  • -4 Iessläffel gehackten Péiterséileg
  • -Salz + Peffer
  • -20 Sandwichschéiwen, ouni Kuuscht
Féierstengszalot Sandwiches

  1. 1Den Dag virdrun: d’Fleesch, Wuerzel, Porett, Lorberblat, Pefferkären an Salz an e grousst Dëppen mat 1.5L Waasser ginn. Zoudecken an opkachen, den Schaum wechhuelen. D’Hëtzt erofschalten an 2 ½ - 3 Stonnen kachen, bis d’Fleesch mëll ass.
  2. 2Vun der Kachplack erofhuelen an d’Fleesch iwwer Nuecht an der Kachflëssechkeet ofkillen loossen.
  3. 3De nächsten Dag d’Fleesch aus der Kachflëssechkeet raushuelen an an grob Stecker zupfen. D’Kornischongen a Scheiwen schneiden. D’Fleesch an d’Kornischongen mat all den Ingredienten fir d’Fëllung an e Mixer ginn an zu enger Past püréieren. Mat Salz a Peffer ofschmaachen.
  4. 4Eng Sandwichscheif mat enger Bakrull platrullen. E bëssi Fëllung op der Scheif verdeelen. Eng zweet Sandwichscheif plattrullen an op d’Fëllung leen. 4 kleng Sandwichen mat engem Lëtzebuerg Kichelchersausstiecher ausstiechen.
  5. 5Mat den reschtlechen Ingredienten widderhuelen fir ongeféier 40 Sandwichen ze kréien.