Poulet Strämpelen

Schwieregkeetsgrad 2/5

Fir 4 Persounen – Preparatioun: 10 Min – Eng Nuecht marinéieren – Schäffchen: 50 Min. Rezept vun Anne’s Kitchen.

  • -8 Poulets Strämpelen, ouni Haut
  • -Fir d’Marinade: 
  • -100g griicheschen Jughurt
  • -120g Mayonnaise au citron
  • -25g Dill, gehackt
  • -2 Téiläffelen gedréchent Menthe
  • -1 Téiläffel Salz
  • -wäissen Peffer
  • -Fir den Zitrounejughurt:
  • -200g griicheschen Jughurt
  • -Zest vun 1 Zitroun
  • -Salz a Peffer
  • -Fir ze zerwéieren: 
  • -Zaloteblieder
  • -Granatapelkären
  • -Ueleg
  • -Esseg
Poulet Strämpelen

  1. 1En Dag am Viraus den Poulet marinéieren. All d’Ingredienten fir d’Marinade an enger Schossel vermëschen. D’Poulets Strämpelen mat der Marinade bedecken, zoudecken an eng Nuecht an de Frigo stellen.
  2. 2Den nächsten Dag den Schäffchen op 180°C Umluft erhëtzen. D’Poulets Strämpelen mat der Marinade an eng Bakform ginn an 50 Minutten laang baken.
  3. 3An der Tëschenzäit den Zitrounejughurt an d’Zalot zoubereeden. All d’Ingredienten fir den Zitrounejughurt an enger Schossel vermëschen. D’Zaloteblieder mat de Granatapelkären vermëschen an mat Ueleg an Esseg ofschmaachen.
  4. 4D’Poulets Strämpelen mat der Zalot an dem Zitrounejughurt zerwéieren.