Bacon Lettuce Tomato (BLT) Sandwich

Schwieregkeetsgrad 1/5

Mécht 2 Sandwichen – Virbereedung: 15 Min. Rezept vun Anne’s Kitchen.

  • -1 Tomat
  • -1 Avocado
  • -8 deck Speckscheiwen
  • -20g Botter
  • -4 Sandwich Broutscheiwen
  • -4 Iessläffel Mayonnaise "à l’ancienne"
  • -E puer Eisbergzalotblieder
  • -Peffer
Bacon Lettuce Tomato (BLT) Sandwich

  1. 1D’Tomat a Scheiwen schneiden. Den Avocado halbeieren, entkären, schielen an an Scheiwen schneiden.
  2. 2Den Speck an enger dréchener Pan ouni Fett ubroden bis e brong ass. Op en Teller ginn an op d’Säit stellen.
  3. 35g Botter an d’Pan vum Speck ginn an eng Broutscheiw doran ubroden bis se op béiden Säiten gegrillt a knuspreg ass. Mat den dräi weideren Broutscheiwen widderhuelen.
  4. 4D’Broutscheiwen viru sech leen an generéis mat Mayonnaise besträichen. Zwou Scheiwen mat Eisbergzalot, Tomaten, Speck an Avocado beleeën. Mat Peffer wierzen an mat enger zweeter Broutscheiw beleeën fir e Sandwich ze formen.
  5. 5An zwee schneiden an direkt zerwéieren.