Aperitif Moschterkichelcher

Schwieregkeetsgrad 3/5

Fir 20 Kichelcher • Preparatioun: 20 Minutte • Schäffchen: 15 Minutte • Rezept vun Lolo et sa Tambouille

  • -Fir d’Moschterkichelcher:
  • -2 Eeër
  • -40g Olivenueleg
  • -130g Ram
  • -45g Miel
  • -40g Moschter "à l'ancienne"
  • -50g Parmesan
  • -Fir d‘ Sardinen Rillettes:
  • -100g Frëshkéis
  • -2 Béchsen Sardinen an Olivenueleg ageluecht
Aperitif Moschterkichelcher

  1. 1Den Schäffchen op 180°C erhëtzen.
  2. 2Fir d'Moschterkichelcher: d’Eeër mat dem Ueleg vermëschen. D‘Miel an d’Ram derbäi ginn an ënnerréieren. De Moschter an de Parmesan eréischt zum Schluss bäimëschen.
  3. 3Den Deeg an eng kleng Pännchen aus Silikon schëdden (z.B mini Pännchen fir Taart, Gugekhupf, Cannelés …) an fir ongeféier 15 Minutte baken.
  4. 4D’Kichelcher aus dem Schäffchen huelen an 10 Minuten ofkillen loossen. D’Kichelcher virsiichteg op eng Hiertche stierzen an komplett ofkille loossen.
  5. 5Fir d’Sardinen Rillettes: D’Sprenzen vun den Sardinen ewechmaachen. D‘ Sardinen an eng Schossel ginn, mat enger Forschett zerdrécken an mat dem Frëshkéis vermëschen. D’Sardinen-Past an een Sprëtzbeutel mat enger Stärenförmeger Nues ginn.
  6. 6E bëssi Sardinen-Paste op all Moschterkichelcher sprëtzen a bis zum Zerwéieren an de Frigo stellen.