Kniddelen mat Moschterzooss

Schwieregkeetsgrad 3/5

Fir 2 bis 3 Persounen • Virbereedung : 10 Min • Kachen : 20 Min • Rezept vun Vegelizious.

  • -Fir d’Kniddelen:
  • -230g Miel (T 55 / T550)
  • -2 Eeër
  • -130ml Mëllech
  • -Salz & Peffer
  • -Fir d’Moschterzooss:
  • -325 ml Mëllech
  • -90g Moschter "original"
  • -15g Moschter "à l'ancienne"
  • -1 Téiläffel Bounekraitchen
Kniddelen mat Moschterzooss

  1. 1Fir d'Kniddelen: d‘Miel an eng grouss Schossel maachen, d‘Eeër an d'Mëllech ënnerréieren bis den Deeg glat ass. Mat Salz a Peffer ofschmaachen.
  2. 2En grousst Dëppen mat Salzwaasser erhëtzen an lues kachen lossen. Mat zwee Téiläffelen kleng Portiounen vum Deeg an d'Salzwaasser fale loossen. D'Kniddelen kache loossen bis se op der Uewerfläch schwammen, an se dann mat engem Schaumläffel aus dem Waasser huelen. Dës Etapp widderhuelen bis de ganzen Deeg opgebraucht ass.
  3. 3Fir d’Moschterzooss : Mëllech mat Moschter zu enger glater Zooss mëschen an uschléissend an en Dëppen ginn an erhëtzen. D‘Bounekraitchen derbäi ginn an mat Salz a Peffer ofschmaachen.
  4. 4D’Kniddelen mat der Zooss vermëschen an weider 5 Minutten bei niddereger Temperatur kachen loossen, dobäi reegelméisseg dréinen.