Amerikaneschen Meatloaf

Schwieregkeetsgrad 2/5

Fir 4 Pers. • Preparatioun:  30 Minutten • Schäffchen: 1 Stonn. Rezept vun Anne’s Kitchen.

  • -500g Rënds- a Schwengsgehacktes (50% Rëndfleesch, 50% Schwéngefleesch)
  • -1 kleng Enn
  • -1 Knuewelekszéif
  • -20g Botter
  • -1 Iessläffel Ketchup
  • -1 Iessläffel BBQ Zooss
  • -1 Iessläffel Moutarde Forte
  • -1 Téiläffel Worcestershire Zooss
  • -30g Chapelure
  • -2 Iessläffel Péiterséileg
  • -1 Ee
  • -½ Téiläffel Salz
  • -Peffer
  • -Fir d’Glasur:
  • -1 Iessläffel Ketchup
  • -1 Iessläffel BBQ Zooss
Amerikaneschen Meatloaf

  1. 1De Schäffchen op 180°C Umluft erhëtzen.
  2. 2D’Enn schielen an reng hacken. De Knuewelek schielen an pressen.
  3. 3De Botter an enger Pan schmëlzen an d’Enn 5 Minutten laang bei mëttlerer Hëtzt ubroden bis se Mell ass, wärend der leschter Minutt den Knuewelek derbäiginn. An eng grouss Schossel ginn a 5 Minutten laang ofkillen loossen.
  4. 4Wann d’Ennen bis e bëssen ofgekillt sinn, d’Fleesch, Ketchup, BBQ-Zooss, Moschter, Worcestershire-Zooss, Chapelure, Péiterséileg, Ee, Salz an e bëssi Peffer derbäiginn an vermëschen bis alles gutt verdeelt ass. Oppassen d’Fleesch net ze vill ze vermëschen well de Meatloaf soss ze fest gëtt.
  5. 5Eng Form fir an de Schäffchen mat e bëssi Ueleg apinselen an en Brot vun 10 x 20cm aus dem Fleesch formen an an d’Form leen.
  6. 6Ketchup an BBQ-Zooss an enger klenger Schossel vermëschen an de Brot domat ganz apinselen.
  7. 7Den Meatloaf 1 Stonn am virgeheitzten Schäffchen baken, an während de leschten 10 Minutten d’Temperatur op 200°C Umluft eropsetzen, fir dass en schéin karamelliséiert.
  8. 8No enger Stonn de Meatloaf aus dem Schäffchen huelen an 10 Minutten ofkillen loossen éier een en an Tranchen schneit.