Waarm Gromperenzalot

Schwieregkeetsgrad 1/5

Fir 4 Pers. • Preparatioun:  20 Minutten • Kachen : 20 min. Rezept vun Anne’s Kitchen.

  • -700g festkachend Gromperen
  • -120g Sauer Ram
  • -120g  Mayonnaise au citron
  • -½ Téiläffel gedréchent Knueweleksflacken
  • -10g Bratzelen, gehackt
Waarm Gromperenzalot

  1. 1D’Gromperen schielen an a 4 cm grouss Stecker schneiden. An en Deppen mat gesalztem Waasser ginn an opkachen. Wann d’Waasser bis kacht, d’Gromperen 20 Minutten kachen bis se duerch sinn. Ofschëdden an an eng grouss Zerwéierschossel ginn.
  2. 2Mat engem Stampfer oder der flaacher Säit vun engem Glas d’Gromperen graff zerdrécken. D’Sauer Ram, Mayonnaise, Knueweleksflacken a Bratzelen ënnermëschen. Eventuell mat Salz a Peffer ofschmaachen.