Spargel Quiche

Schwieregkeetsgrad 3/5

Fir 6-8 Pers. • Preparatioun:  45 Minutten • Frigo: 2 Stonnen Schäffchen: 35 Minutten. Rezept vun Anne’s Kitchen.

  • -Fir den Nossdeeg: 
  • -80g déck Nëss
  • -170g Miel
  • -1 Téiläffel Salz
  • -125g kale Botter
  • -1 Ee
  • -35ml kaalt Waasser
  • -Fir d’Fëllung: 
  • -400g dënn gréng Spargelen
  • -1 Iessläffel Moutarde Forte
  • -2 Eeër
  • -250ml Ram
  • -3 Iessläffel Mayonnaise au Citron
  • -70 Parmesan, gerappt
  • -e bëssi gerappten Zitrouneschuel
  • -2 Iessläffel Estragon, gehackt
  • -½ Téiläffel Salz
  • -Peffer
Spargel Quiche

  1. 1Fir den Deeg all d’Ingredienten an en Mixer ginn an zu engem Deeg mixen. Den Deeg zu enger Scheif formen an a Frischhaltefolie awéckelen, 2 Stonnen an de Frigo stellen.
  2. 2D’Spargelen wäschen an di holzeg Enner ofschneiden. En Dëppen mat Salzwaasser zum kachen bréngen, d’Spargelen draginn, rëm opkachen loossen an dann 1 Minutt laang kachen. Ofschëdden an ënnert kalem Waasser ofkillen.
  3. 3No 2 Stonnen de Schäffchen op 180°C Umluft erhëtzen. Eng 30cm Quicheform afetten.
  4. 4Den Deeg op enger bemieltener Aarbechtsplack dënn ausrullen an an d’Quicheform hiewen. De Buedem an d’Säiten undrécken, dann e puermol mat enger Forschett an de Buedem apicken.
  5. 5De Moschter um Bueden verdeelen an d’Spargelen an engem schéine Muster drop verdeelen.
  6. 6Fir de Flan d’Eeër, Ram, Mayonnaise, Parmesan, Zitrouneschuel, Estragon, Salz a Peffer opschloen.
  7. 7De Flan iwwert d’Spargelen schëdden an d’Quiche fir 35 Minutten baken.
  8. 8Des Quiche schmaacht waarm oder kal.