Spare Ribs

Schwieregkeetsgrad 3/5

Ausse krupsegt Fleesch a bannen zaart, dëst Rezept fir Spareribs am Schäffche begeeschtert méi wéi ee Fleeschamateur

  • -1 Spare Ribs « St Louis » pro Persoun
  • -500 ml BBQ Zooss vun der Moutarderie de Luxembourg
  • -1 L Äppeljus
  • -100 ml Ahornsirop
  • -50 g Miersalz
  • -100 g Paprikapolver
  • -100 g Rouerzocker
  • -2 EL Knueweleck am Polver
  • -1 EL Ënnen am Polver
  • -1 EL gemuelene schwaarze Peffer
  • -1 EL Cayennepeffer
  • -1 EL Kümmel am Polver
  • -1 TL Moschter am Polver
Spare Ribs

  1. 1Mësch all d’Ingrediente fir eng dréche Marinade an enger Schossel
  2. 2D’Spare Ribs mat der Marinade areiwen
  3. 3Se an e Plat leeën, mat Folie zoudecken a minimum 2 Stonne marinéiere loossen
  4. 4500 ml BBQ Zooss vun der Moutarderie de Luxembourg mat 100 ml Ahornsirop an enger zweeter Schossel mëschen
  5. 5De Schäffchen op 120°C Ëmloft virwiermen
  6. 6Leet d’Spare Ribs op e Grill mat engem Opfangblech drënner
  7. 7Während 3 Stonne kachen
  8. 8D’Fleesch aus dem Schäffchen huelen an an Aluminiumspabeier awéckelen. Schëdd e bëssen Äppeljus deran. Weiderkachen op 120°C
  9. 9No anerhallwer Stonn d’Spare Ribs aus dem Schäffchen huelen an den Aluminiumspabeier ewechhuelen
  10. 10De Melange BBQ Zooss mat Ahornsirop op d‘Fleesch pinselen. Zréck an de Schäffche stellen a weider 30 bis 45 Minutten op 120°C kachen
  11. 11D’Spare Ribs si fäerdeg wa se schéi carameliséiert sinn