- -100g gréng Bounen
- -80 g Ierbessen, gefrueren
- -250g Muerten
- -250g Gromperen
- -5 Iessläffel Mayonnaise „au citron“
- -2 Iessläffel Zitrounejus
- -E puer Bratzelen, frësh reng gehackt
- -Salz & Peffer

- 1D’Gromperen an d‘Muerten schielen an a kleng Wierfelen schneiden. Déi gréng Bounen och a kleng Stécker schneiden.
- 2D’Gromperen an d‘Muerten wierfelen an en Deppe mat Waasser ginn a 8 Minutte kache bis se mëll, awer nach fest sinn. No 5 Minuten d’Bounen dobäi ginn, d‘Ierbessen zum Schluss dobäi ginn a just 1 Minutten mat kachen. Ofschëdden a mat kalem Waasser ofschrecken.
- 3Mayonnaise mat Zitrounejus an enger Schossel vermëschen. Mat Salz a Peffer ofschmaachen an e puer Bratzelen (reng gehackt) derbäimaachen. D’Geméis mat dem Mayonnaise Dressing virsiichteg vermëschen.