Wie si mir?

La moutarderie du Luxembourg

D’Moutarderie de Luxembourg – dat ass eng mënschlech Aventure, déi viru bal 100 Joer ugefaang huet an aus Successiounen an d’Vermëttele vun héije Wäerter besteet.

D’Moutarderie de Luxembourg – dat ass eng aussergewéinlech a gemeinsam Geschicht, wou exzellent Leeschtungen an Traditiounen eisen Know-how an eis Loscht, et nach besser ze maachen, Dag fir Dag guidéieren.

« Kache verlaangt e fräie Kapp, e generéise Geescht an en oppent Häerz. » Paul Gauguin

Eis Equipe

  • Yann MUNHOWEN

    Yann MUNHOWEN

    Direktioun Tél : (+352) 26 29 03 818
  • Roland MUNHOWEN

    Roland MUNHOWEN

    Direktioun Tél : (+352) 26 29 03 303
  • Maëlynn DUSSAUCY

    Maëlynn DUSSAUCY

    Marketing & Verkaf Tél : (+352) 26 29 03 300
  • Jean FRANCK

    Jean FRANCK

    Produktiounschef Tél : (+352) 26 29 03 200
  • Wolfgang ZEIMENTZ

    Wolfgang ZEIMENTZ

    Produktiounschef Tél : (+352) 26 29 03 201
  • Philip KAUDY

    Philip KAUDY

    Industriemechaniker
  • Sandra TATONE

    Sandra TATONE

    Verpakung
  • Marion JAKOBS

    Marion JAKOBS

    Verpakung
  • Enrico GROEBEL

    Enrico GROEBEL

    Verpakung
  • Tim KONOPATZKI

    Tim KONOPATZKI

    Verpakung
  • Kocor MALGORZATA KATARZYNA

    Kocor MALGORZATA KATARZYNA

    Verpakung

Eis en Know-How

D’Moutarderie de Luxembourg produzéiert all Joer, virun allem fir den nationale Marché, ëm déi 240 Tonne Moschter a 160 Tonne Mayonnaise. D’Moschterkäre kommen aus Kanada an aus Europa, den Esseg deen mir an eisen Saucen an eisem Moschter benotzen ass aus Letzebuerg.

All d’Ingrediente si garantéiert 100 % natierlech an ouni Konservéierungsstoffer. De lëtzebuergesche Moschter huet am Verglach mat anerem Moschter e vill méi kuerzen Haltbarkeetsdatum. Genee dat mengt de Roland MUNHOWEN, wann hien en als e Produit bezeechent, deen „authentesch ass, eng laang Traditioun huet a jonk, frësch a sämeg genoss soll ginn“.

Bei all de Produktiounsetappen, déi Dag fir Dag a just op Basis vu fixe Liwweropträg duerchgefouert ginn, sinn de Roland a Yann MUNHOWEN ëmmer derbäi – vum Choix an der Commande vun de Matière-premièren, dem Iwwerpréiwe vun de Basisrezepter bis bei d’Supervisioun vun de leschten Aarbechtsschrëtter.

Am Géigesaz zu anere Moschterproduzenten huele mir beim Muelen d’ätheresch Ueleger aus de Kären net eraus. Esou kritt de Moschter eng nach besser Qualitéit an en eenzegaartegen Aroma.

Während d’zermuele Käre assembléiert ginn a räifen, gëtt Esseg derbäigemaach. Esou entsteet eng sämeg Mëschung, déi mat Salz, Zocker a Gewierzer ofgeronnt gëtt. Voilà! Den typesche Goût vum lëtzebuergesche Moschter.

No engem weidere Vermëschen an Zermuele gëtt d’Kompositioun an eng Cuve gepompelt, wou si iwwer Nuecht rout, fir dass den Oxygen entstréime kann. Den nächsten Dag gëtt de Moschter während engem voll automatiséierte Prozess an ënnert optimalen hygienesche Bedéngungen ofgefëllt. Esou ass d’konstant Qualitéit vum Produit garantéiert.

Säit d’Moutarderie de Luxembourg hiren Etiketten 2015 en neien Design ginn huet, feiert d’Entreprise grousse Succès an huet hiert Sortiment zënterhier ëm zwou nei Marken ausgebaut: „Ketchup de Luxembourg“ an „Andalouse de Luxembourg“.

Béid Produite ginn nach stänneg weiderentwéckelt – si hunn e gudde Ruff dank der ethescher Aarbechtsweis vun hire Createuren an der héichwäerteger Qualitéit vun hiren Zosen.