• D’Moutarderie de Luxembourg, eng bal 100 järeg mënschlech Aventure, bestoend aus Generatiounswiesselen a Vermëttlung vu staarke Wäerter.

  • 1922

    Opkaf
    De Raymond Munhowen keeft d’Moutarderie Luxembourgeoise, déi deen Ament een Deel vun der Firma Munhowen Boissons war. De Verkaf vum Moschter zu Lëtzebuerg verduebelt sech.

  • 1976

    Mohrfelsmillen
    Ufank vun der Moschterproduktioun an der Mohrfelsmillen am Pafendall, eng al Millen aus dem Joer 963.

  • 1986

    Plënneren
    D‘Moutarderie de Luxembourg plënnert op de Site vu MUNHOWEN Distribution um Houwald fir do seng nei Verpackungsmaschinnen ze installéieren.

  • 1987

    Nei Zooss
    De staarke Moschter fuerdert d’Amateure vu staarke Sensatiounen eraus.

  • 1992

    Nei Zooss
    D’Moutarde à l’ancienne huet alles fir den Amateure vu staarkem Moschter ze gefalen. Perfekt als Beilag oder fir Zoossen ze preparéieren.

  • 1993

    Nei Zoossen
    Ufank vun der Produktioun vun der Mayonnaise mat Eeër an der Mayonnaise mat Zitroun.

  • 1996

    Nei Zooss
    D’Mayonnaise à l’ancienne vervollstännegt d’Gamme vu Mayonnaisen a verfeinert Är Platen.

  • 2000

    Reprise vum Roland a Yann Munhowen
    De Roland Munhowen a säi Jong Yann iwwerhuelen d’Parte vun der Moutarderie de Luxembourg.

  • 2007

    Nei Zooss
    De BIO Moschter gëtt ënnert dem Biog Label commercialiséiert.

  • 2008

    Plënneren
    D’Produktioun an d’Büroe ginn op Mënsbech an e fonkelneit Gebai transferéiert.

  • 2014

    Neie Look
    En neie Look fir eng nei Aventure”. Komplette Relooking vun der ganzer Gamme.

  • 2015

    Nei Zoossen
    D’Famill gëtt méi grouss: de Ketchup an d’Sauce Andalouse gi lancéiert.

  • 2015

    Spezialeditioun
    Moschter mat Riesling (limitéiert Editioun): de ganze Lëtzebuerger Know-how an engem Glas konzentréiert! Dës limitéiert Editioun ass d’Resultat vun enger Kooperatioun mat Domaines Vinsmoselle.

  • 2016

    Spezialeditioun
    Moschter mat Simonsbéier (limitéiert Editioun): wann de beschte Béier an de Moschter sech an engem Glas begéinen! Dës limitéiert Editioun ass d‘Resultat vun enger Kooperatioun mat der Brauerei Simon.

  • 2017

    Maschinnen
    Kaf vun enger neier Produktiounsmaschinn a vun neie Verpackungsmaschinne fir der Nofro nozekommen.

  • 2017

    Neit Rezept fir d’Mayonnaise
    Rezeptännerung vun der Mayonnaise mat Eeër an der Mayonnaise mat Zitroun: nach besser am Geschmaach!

  • 2018

    Nei Zooss
    D’Barbecue Zooss gëtt lancéiert. Si passt perfekt bei gegrilltent Fleesch.