Eis Moschtergamm
Forte, l'originale oder à l’ancienne: Eise lëtzebuergesche Moschter bitt Iech en eenzegaartege Goût, deen aus zouverlässegem Know-how an de beschten Ingredienten entstan ass.
Entdeckt déi 3 Rezepter vun eisem lëtzebuergesche Moschter – 100 % natierlech, ouni Konservéierungsstoffer a vun enger stengener Millen gemuel. Fir all Goût, fir all Geleeënheet. Eise lëtzebuergesche Moschter begleet all Är Molzechten.
De Moschter „l'originale“
De lëtzebuergesche Moschter „l'originale“ huet en duussen a subtile Goût an ass perfekt fir d’Preparatioun vun all Äre Platen, Saucen a Vinaigretten.
De lëtzebuergesche Moschter „l'originale“ ass a verschiddenen Emballagen disponibel, fir dass Dir en all Dag jee no Äre Besoinen als Privatpersoun oder B2B-Client benotze kënnt.
Zutaten:
Waasser, Moschterkären, Esseg, Salz, Zocker, Gewierzer
Valeurs nutritionnelles pour 100g : | |||
Energie : | 403kJ/97kcal | Matières grasses : | 5,8g |
Protéines : | 5,9g | dont acides gras saturés : | 0,33g |
Glucides : | 3,2g | Fibres alimentaires : | 2,0g |
dont sucres : | 1,5g | Sel (sodium x 2,5) : | 4,07g |
Ouni Konservéierungsstoffer, ouni Gluten
De Moschter „forte“
De lëtzebuergesche Moschter „forte“ mat donkelen a schaarfe Moschterkäre gëtt all Äre Rezepter an Saucen en eenzegaartege Charakter.
Bokaler vun 190 g oder Eemere vun 1 bis 5 kg: All d’disponibel Formater bidden Iech optimal Konservéierungsbedéngungen an onbegrenzte Méiglechkeeten, fir eise Moschter ze benotzen.
Zutaten:
Waasser, Moschterkären, Esseg, Salz, Wäin, Gewierzer
Valeurs nutritionnelles pour 100g : | |||
Energie : | 671 kJ/162kcal | Matières grasses : | 11,9g |
Protéines : | 7,2g | dont acides gras saturés : | 0,77g |
Glucides : | 4,1g | Fibres alimentaires : | 2,7g |
dont sucres : | 2,0g | Sel (sodium x 2,5) : | 3,73g |
Ouni Konservéierungsstoffer, ouni Gluten
De Moschter „à l’ancienne“
De lëtzebuergesche Moschter „à l’ancienne“ mat ganze Moschterkären a feine Gewierzer gëtt all Äre Platen eng staark an originell Perséinlechkeet.
Dank de 4 Emballagen – vun 190 g bis 1 kg – fanne souwuel Privatpersoune wéi och B2B-Clienten ëmmer dee Moschter, deen am beschte fir hire Gebrauch gëeegent ass.
Zutaten:
Waasser, Moschterkären, Esseg, Salz, Zocker, Wäin, Gewierzer
Valeurs nutritionnelles pour 100g : | |||
Energie : | 687kJ/165kcal | Matières grasses : | 11,4g |
Protéines : | 7,8g | dont acides gras saturés : | 0,70g |
Glucides : | 4,3g | Fibres alimentaires : | 4,6g |
dont sucres : | 2,5g | Sel (sodium x 2,5) : | 3,15g |
Ouni Konservéierungsstoffer, ouni Gluten
De Moschter bio
Een duussen Goût, mat 100 % BIO-Ingredienten
Eisen BIO-Moschter gëtt ënnert dem BIOG Label kommerzialiséiert. En ass als 190g Glas an als 500g Squeeze Fläsch disponibel. BIO Moschterkären ginn zu Lëtzebuerg ugebaut.
Limitéiert oplag
Moschter mat Riesling
Wann all lëtzebuergescht Kënnen sech an engem Dëppchen erëm fënnt.
Eng Kreatioun „Moutarderie de Luxembourg“ an „Domaines Vinsmoselle“
*eng limitéiert Versioun (2024) bis de Stock opgebraucht ass.
Moschter mat Béier
Quand le meilleur de la bière et de la moutarde se rencontrent dans un pot !
Une moutarde 100 % luxembourgeoise si exceptionnelle se déguste avec sagesse.
* eng limitéiert Versioun (2016) bis de Stock opgebraucht ass
E Format fir all Geleeënheet
Informatioune fir B2B-Clienten
All eis Formater fir B2B-Clienten sollen den Transport, d’Lagerung an de Gebrauch vereinfachen a gläichzäiteg den eenzegaartege Goût vun eise Produiten erhalen.
-
Stick
15 g -
Mini-Bokal
35 g -
Eemer
1 kg -
Pet
3 kg -
Eemer
5 kg -
Eemer
1 kg -
Eemer
5 kg -
Eemer
1 kg