Mexikanesch Burrito Zalot mat BBQ Tofu

Schwieregkeetsgrad 3/5

Fir 4 Persounen • Virbereedung : 20 Min • Kachen : 30 Min • Rezept vun Vegelizious.

  • -Tofu BBQ: 
  • -400 g Tofu
  • -1 roud Paprika
  • -100 g BBQ Zooss
  • -3 Knuewelekszéiwen, zerdréckt
  • -1 Iessläffel Rapsueleg
  • -15 g Agavendicksaft
  • -1 Téiläffel Oregano, gedréchent
  • -1 Téiläffel Paprikapolver
  • -1 Pouz Kanéil
  • -Limetten-Mandel-Räis:
  • -1 Fréijoerszwiwwel
  • -1 Knuewelekszéif
  • -1 Limett (Zest+ Jus)
  • -1 Iessläffel Kokosueleg
  • -250 g Basmatiräis
  • -450 ml Waaser
  • -20 g gehackte Mandelen
  • -Gréng Salsa: 
  • -30 g Koriander, frësch
  • -50 g Olivenueleg
  • -2 Knuewelekszéiwen
  • -1 Sprëtz Limettejus
  • -100 g Mais aus der Bécks, ofgeschott
  • -Pinto Bounen: 
  • -400 g Pinto Bounen, ofgeschott
  • -2 Iessläffelen Tomatekonzentrat
  • -2 Tomaten
  • -1 Téiläffel Kräizkümmel, gemuelen
  • -½ Téiläffel Koriander, gehackt
  • -½ Téiläffel Paprikapolver
  • -1 Avocado
  • -100 g Sauer Ram
  • -100 g Tortillachips
  • -Salz a Peffer
Mexikanesch Burrito Zalot mat BBQ Tofu

  1. 1Mat dem marinéierten Tofu ufänken. D’BBQ Zooss, den Rapsueleg, den Agavendicksaft, 3 zerdréckte Knuewelekszéiwen an d‘Gewierzer mëschen. Mat Salz a Peffer ofschmaachen. Den Tofu an den rouden Paprika a kleng Wierfelen schneiden an mat der Marinade gutt mëschen. Mat Frëschhaltefolie ofdecken an eng Stonn am Frigo marinéieren loossen.
  2. 2Den Schäffchen op 200°C erhëtzen.
  3. 3Den marinéierten Tofu op een mat Bakpabeier beluechtent Blech leeën an 30 Minutten am Schäffchen baken. Dobäi reegelméisseg dréien (ongeféier all 10 min).
  4. 4An der Tëschenzäit den Raïs preparéieren. D’Fréijoerszwiwwel an d‘Knuewelekszéif reng hacken. 1 Iessläffel Kokosueleg an enger Pan ophëtzen. D’Fréijoerszwiwwel an d‘Knuewelekszéif 1 min dran ubroden. Räis a Waaser derbäi ginn an 10 Minutten bei niddereger Temperatur kachen loossen, dobäi reegelméisseg dréinen.
  5. 5Déi gehackte Mandelen an enger ongeuelechter Pan réischteren bis se gëlle sinn. Den Räis mat dem Limettejus an mat den gehackte Mandelen vermëschen a mat Salz ofschmaachen
  6. 6Fir déi gréng Salsa ze préparéiren : De Koriander, 2 Knuewelekszéiwen, den Olivenueleg an den Limettejus an e Mixer ginn an püréieren. Mat Salz a Peffer ofschmaachen an den Mais derbäi ginn.
  7. 7Tomaten an Küben schneiden an mat den Pinto Bounen, Tomatekonzentrat, den Gewierzer an 4 Iessläffelen Waasser an enger Pan bei mëttlerer Hëtzt fir 5 Minutten kachen. Mat Salz a Peffer ofschmaachen.
  8. 8D‘ Avocado a Sträifen schneiden. Den Tofu, den Räis, d’ gréng Salsa, Bounen an d’ Avocado an 4 Schosselen verdeelen. Jeeweils 25g Sauer Rahm dropmaachen an mat Tortilla Chips zerwéieren.