Zoossiss Rullen

Schwieregkeetsgrad 1/5

Mécht 30 Rullen • Preparatioun:  20 Minutten • Schäffchen: 20 Minutten. Rezept vun Anne’s Kitchen.

  • -4 Wäinzoossissen
  • -230g Bliederdeeg
  • -Moschter "à l'ancienne"
  • -1 Ee
  • -E Schotz Mëllech
  • -Sesamkären, fir ze dekoréieren
Zoossiss Rullen

  1. 1Den Schäffchen op 200°C Umluft erhëtzen.
  2. 2D’Wäinzoossissen längslech opschneiden an d’Haut rofezeien.
  3. 3De Bliederdeeg an 4 Sträifen schneiden.
  4. 4De Moschter op enger Sträif verdeelen, dann mat enger Wäinzoossiss beleeën an oprullen. D’Ränner gutt uneneenpressen fir dass se zesummenhalen.
  5. 5D’Rull an mondgerecht Stecker schneiden.
  6. 6D’Ee verquirlen an mat engem Schotz Mëllech vermëschen.
  7. 7All Zoossiss Rull mat Ee besträichen an mat Sesamkären dekoréieren.
  8. 8Mat de reschtlechen Zoossissen widderhuelen.
  9. 9D’Zoossiss Rullen eng 20 Minutten am Schäffchen baken, bis se schéin brong sinn. Waarm oder kal zerwéieren.