Gegrillt Saumon Spießer mat Courgetten Zalot

Schwieregkeetsgrad 3/5

Fir 2 Persounen  • Preparatioun:  30 Minutten + grillen • Rezept vun Anne’s Kitchen.

  • -300g Saumon Filet ouni Haut
  • -2 Iessläffel Aïoli + e bëssi méi fir ze zerwéieren
  • -1 Zitroun
  • -Salz
  • -Fir d’Courgetten Zalot:
  • -1 Courgette
  • -100g gefrueren Gaardebounen, geschielt
  • -¼ Téiläffel Salz
  • -1 Téiläffel Moutarde forte
  • -1 Téiläffel Hunneg
  • -1 Iessläffel Olivenueleg
  • -½ Iessläffel Zitrounejus
  • -1 Iessläffel Kaperen
  • -1 Iessläffel Menthe, gehackt
  • -1 Iessläffel Basilic, gehackt
  • -Salz a Peffer
Gegrillt Saumon Spießer mat Courgetten Zalot

  1. 1Mat der Courgetten Zalot ufänken: d’Courgette mat enger Mandolinn a ganz dënn Scheiwen schneiden. An e Sift ginn a mat ¼ Téiläffel Salz vermëschen, d’Salz an d’Scheiwen amasséieren. 15 Minutten rouen loosse fir dass d’Scheiwen mell ginn.
  2. 2An der Tëschenzäit di gefrueren Gaardebounen an kachend Waasser ginn an rëm kuerz opkachen. Soubal d’Waasser kacht, ofschëdden an ënnert kalem Waasser ofkillen loossen.
  3. 3De Saumon an 8 Wierfel schneiden. Mat Aïoili vermëschen a mat Salz wierzen. D’Zitroun an 6 dënn Scheiwen schneiden. De Saumon ofwiesselend mat den Zitrounescheiwen op 2 Spiisser picken.
  4. 4D’Zalot fäerdegmaachen: d’Courgettentranchen ausdrécken fir d’Flëssegkeet rauszekréien an zesummen mat de Gaardebounen an eng Zerweierschossel ginn. An enger klenger Schossel de Moschter, Hunneg, Olivenueleg an Zitrounejus vermëschen an iwwert d’Courgetten schëdden. D’Kaperen, Menthe an Basilic drennerhiewen an mat Salz a Peffer ofschmaachen.
  5. 5D’Spiisser um Grill 5 Minutten laang grillen an dobäi e puermol dréien bis se schéin gegrillt sinn.
  6. 6D’Spiisser mat der Courgettenzalot an engem Flapp Aïoli zerwéieren.