Mais Tacos mat Samouraï

Schwierigkeitsgrad 1/5

Fir 4 Persounen  • Preparatioun:  30 Min. • Rezept vun Anne’s Kitchen.

 

  • -2 Maiskolben, gekacht
  • -1 Freijorszwiwwel
  • -1 Avocado
  • -4 Iessläffel Samouraï Zooss
  • -2 Limetten
  • -8 Tortilla Wraps
  • -100g Feta, zerbröselt
  • -Koriander, gehackt
  • -Paprikaflacken
  • -Salz a Peffer
Mais Tacos mat Samouraï

  1. 1De Mais um Grill oder an enger Grillpan grillen, dobäi reegelméisseg dréien bis en op all Säit schéin gegrillt ass.
  2. 2An der Tëschenzäit d’Freijorszwiwwel reng schneiden, d’Avocado an Tranchen schneiden.
  3. 3Eng kleng Schossel emgedreit an eng grouss Schossel stellen, sou dass se wéi eng Kuppel dran setzt. En Maiskolben op den Buedem vun der klenger Schossel stellen an dann der Längt no erofschneiden, sou dass d’Kären an d’Schossel falen.
  4. 4Di kleng Schossel raushuelen an d’Maiskären mat der Freijorszwiwwel vermëschen. Den Jus vun enger hallwer Limett dobäi ginn, zesummen mat der Samouraï Zooss, e bëssi Koriander an mat Salz wierzen. Vermëschen fir dass alles gutt verdeelt ass.
  5. 5D’Tortillas an enger Pan vun béiden Säiten e puer Sekonnen laang erhëtzen.
  6. 6Op Telleren ginn an op all Tortilla e bëssen Mais ginn, dann Avocado dropleeën, mat e bëssi Feta bestreeën an mat Paprikaflacken dékoreieiern. Mat Limettenschnetz zerwéieren.