Bretzel mat Moschter-Hunneg Dip

Schwierigkeitsgrad 4/5

Mécht 10 Bretzelen • Preparatioun : 35 Min • Schäffchen : 15 Min. Rezept vun Vegelizious.

  • -500g Miel
  • -325 ml kal Waaser
  • -7g Bakpolver
  • -1 Iessläffel Zocker
  • -30 g Botter, geschmolt
  • -½ Téiläffel Salz
  • -Grafft Salz oder Sesam
  • -Fir d’Bretzelen ze kaachen :
  • -1 Liter Waasser
  • -50g Natron
  • -Moschter mat Hunneg Dip :
  • -75g Hunneg
  • -75 g Moschter „à l’ancienne“
  • -75g Moschter „l’originale“
  • -Péiterséileg, frësch
Bretzel mat Moschter-Hunneg Dip

  1. 1Fir den Bretzels-Deeg ze preparéieren: D’Miel an eng grouss Schossel ginn, an eng Kaul an d‘Mëtt maachen. D’Waasser dra schëdden, den Bakpolver an den Zocker derbäi gin an am Waasser opléisen. Zu engem Deeg veréieren, ongeféier 3 Minuten laang. D‘Salz an de Botter bäimëschen an den Deeg nach 5 bis 10 Minutte knieden an uschléissend fir 10 Minutten roue loossen.
  2. 2Den Deeg an 10 gläichméisseg Klatze vun ongeféier 90g opdeelen an 10 „Saucissen“ vu jeeweils ongeféier 60 cm rullen. Déi „Saucissen“ sollen an der Mëtt déck sinn an d’Enner sollen méi dënn ginn. E Kichenduch mat Miel bestreeën. All „Saucisse“ zu enger Bretzel formen an opt d‘Kichenduch leeën. Fir op d’mannst 1 Stonn am Frigo rouen loossen.
  3. 3An der Tëschenzäit den Hunneg-Moschter Dip preparéieren : den Hunneg an enger Pan bei mëttlerer Hëtzt ophëtzen fir dass ee méi leefeg gëtt. An eng grouss Schossel ginn, mam Moschter vermëschen an zum Schluss mat e bësse Péiterséileg ofschmaachen.
  4. 4Den Schäffchen op 210°C erhëtzen.
  5. 5En grousst Dëppen mat Waasser erhëtzen. Wann d'Waasser kacht, d’Hëtzt verréngeren an den Natronpolver derbäi ginn. All Bretzel eenzel fir 10 Sekonnen am Waasser kachen loossen an se dann mat engem Schaumläffel aus dem Waasser huelen.
  6. 6D’Bretzelen op een mat Bakpabeier beluechten Blech leeën an mat Salz oder Sesam bestreeën. 10-15 Minutten am Schäffchen baken bis se gëlle sinn.
  7. 7Kal mat dem Hunneg-Moschter Dip zerwéieren.