Vegetareschen Hâchis parmentier mat Gromperepüree a Lënsenfëllung

Schwieregkeetsgrad 3/5

Fir 6 Persounen • Preparatioun : 25 Min • Kachen : 60 Min. Rezept vun Vegelizious.

  • -Lënsenfëllung:
  • -180g Kappzelleri
  • -180g Muerten
  • -125g Porrett
  • -2 Knuewelekzéiwen
  • -150g gréng, Lënsen (net gekacht)
  • -2 Iessläffel Tomatekonzentrat
  • -1 Iessläffel Miel
  • -1 Téiläffel gereecherten Paprikapolver
  • -2 Lorberblieder
  • -3 Thymian Zweig (frësch) oder 2 Téiläffel Thymian gedréchent
  • -1 Rosmarin Zweig (frësch) oder 1 Téiläffel Rosmarin gedréchent
  • -750 ml Geméisfong
  • -100 ml Roude Wäin
  • -Salz & Peffer
  • -Gromperepüree mat Moschter: 
  • -900g Gromperen (geschielt)
  • -75 ml Mëllech
  • -25g Botter
  • -30g Moschter „à l‘ancienne » (ongeféier 3 Téiläffel)
  • -Muskotnoss
  • -Salz & Peffer
Vegetareschen Hâchis parmentier mat Gromperepüree a Lënsenfëllung

  1. 1D’Porretten an de Knuewelek reng hacken. D’Muerten an den Kappzelleri schielen an a kleng Wierfelen schneiden.
  2. 2E bëssen Ueleg an engem groussen Deppen erhëtzen an d’Geméis 5 Minutten laang ubroden. Tomatekonzentrat dobäiginn, emreieren, an eng weider Minutt kachen loosen. Lënsen, Miel, Lorberblieder, Thymian, Rosmarin an Paprikapolver dobäiginn, de Wäin an de Geméisfong derbäischëdden, gutt réieren an zum kache bréngen. D’Hëtzt dann erofschalten an mat engem Deckel zougedeckt 25 bis 30 Minutten kachen loossen. E bëssen Wasser während dem Kachen bei Bedarf derbäischëdden. Wann d‘Lënsen mëll sinn, Lorberblieder, den Thymian an den Rosmarin eraushuelen. Mat Salz a Peffer ofschmaachen.
  3. 3Gromperepüree an der Tëschenzäit preparéieren. Gromperen schielen an a Wierfel schneiden. An en Deppen mat gesalztem Waasser ginn an opkachen. Wann d’Waasser bis kacht, d’Gromperen 15 bis 20 Minutten kachen bis se duerch sinn. Ofschëdden an nees an d‘ Deppen ginn. Mëllech, Botter a Moschter dobäiginn, mat engem Stampfer als Püree zerdrécken. Mat Salz, Peffer a Muskotnoss ofschmaachen.
  4. 4De Schäffchen op 200°C erhëtzen. Déi Lënsenfëllung an eng Bakform verdeelen, mat Gromperepüree iwwerdecken an fir 20-25 Minutten baken bis d‘Oberfläch schéin brong a ass.