Raclette Burger

Schwieregkeetsgrad 2/5

Fir 4 Persounen • Preparatioun :  40 Min. • Rezept vun Anne’s Kitchen.

 

  • -Fir d'Burger Pattien: 
  • -500 g Rëndsgehacktes
  • -1 Ee
  • -3 Iessläffel Chapelure
  • -4 Iessläffel Schaarfen Moschter
  • -½ Téiläffel Salz
  • -Frësch gemuelene Peffer
  • -Fir den Rescht: 
  • -2 Ennen
  • -3 Iessläffel Ueleg
  • -8 Iessläffel BBQ-Zooss
  • -4 Burgerbréidercher
  • -12 Scheiwen Raclette-Kéis
  • -4 Téiläffel Schaarfen Moschter
  • -4 Blieder gehackten Iceberg Laitue
  • -4 Scheiwen gereechert Tiroler Ham
  • -4 Kornischongen, a Scheiwen geschnidden
Raclette Burger

  1. 1Mat der Virbereedung vun de Burger-Pattien ufänken: All d’Ingredienten an enger Schossel mat den Hänn vermëschen a 4 Burger-Pattien formen. Op en Teller leeën a op d’Säit stellen.
  2. 2D’Enne schielen an a Scheiwen schneiden. 2 Iessläffel Ueleg an enger Pan erwiermen an d'Enne mat enger Pouz Salz 8 Minutte bei mëttlerer Hëtzt ubroden, bis se ganz mëll sinn. Vun der Kachplack huelen an 4 Iessläffel BBQ-Zooss ënnerréieren. D'Mëschung an eng Schossel ëmfëllen an op d’Säit stellen.
  3. 3D'Pan ofmaachen. D’Burgerbréidercher opschneiden an all opgeschnidde Säit an der Pan réischteren, bis se liicht brong ginn.
  4. 4Eng Scheif Raclette-Kéis an der Pan schmëlze loossen, bis Blosen entstinn. En Burger-Deckel op de Kéis leeën, aus der Pan huelen an mat dem Kéis no uewen ofkillen loossen. Mat den 3 Burger-Bréidercher widderhuelen.
  5. 52 Iessläffel Ueleg an der Pan erwiermen an d'Burger-Pattien 3 Minutten ubroden, d’Pan dobäi zoudecken. No 3 Minutten, d'Burger-Pattien ëmdréien an nach 2 Minutten ofgedeckt ubroden. No 2 Minutten, de Deckel erofhuelen, d’Pattien uewendrop mat Moschter besträichen, ëmdréien an op jiddereen eng Scheif Raclette-Kéis leeën. D'Pan erëm zoudecken an nach eng Minutt ubroden.
  6. 6Ee Läffel BBQ-Soss op all ënnescht Brouthaltschegt sträichen. Mat e bëssen gehackter Zalot beleeën an en Burger-Patty drop setzen. Mat engem Läffel Ennen bedecken, dann eng Scheif Ham dropleeë dann geschniddenen Kornischongen an zum Schluss mat engem knuspregen Burger-Deckel zerwéieren.