Tierkesch Lënsenzopp mat Knuewelek Croûtons

Schwieregkeetsgrad 2/5

Fir 4 bis 6 Persounen • Preparatioun + kachen : 30 Min. • Rezept vun reyhanskitchenn

  • -Fir d’Zopp:
  • -1 déck Zwiwwel, grob gehackt
  • -1 Knuewelekszéif, grob gehackt
  • -1 Stéck Curcuma Wuerzel (nom Kachen eraushuelen)
  • -1 klengen roudden Piment, reng gehackt
  • -2 Taasen roud Lënsen, ofgewäsch
  • -2-3 Iessläffel Olivenueleg
  • -Waasser
  • -Topping (optionel):
  • -2 Iessläffel Botter
  • -Salz
  • -Paprikapolver
  • -Schwaarzen Peffer
  • -Kümmel
  • -Knuewelek Croûtons:
  • -Iwweregbliwwent Brout
  • -Aïoli
Tierkesch Lënsenzopp mat Knuewelek Croûtons

  1. 1All d’Ingredienten fir d’Zopp an een Schnellkochtopf ginn, mat Wasser (ongeféier 6-8 Tassen) iwwerdecken an gutt réieren.
  2. 2D’Dëppen zoumaachen an 10-12 Minutten ënner Héichdrock kachen loossen.
  3. 3D’Curcuma Wuerzel eraushuelen éier d’Zopp mat engem Stabmixer glaat püréiert gëtt. Wann néideg e Schotz Waasser derbäiginn fir dat d‘Zopp méi flësseg gëtt.
  4. 4Topping (optionnel) : Botter an engem klengen Dëppen schmëlzen an mat Salz, Paprikapolver, schwaarzen Peffer an Kümmel wierzen.
  5. 5Fir d’Knuewelek Croûtons : Brout a Scheiwen schneiden an mat Aïoli besträichen an uschléissend a Wierfelcher schneiden. Op een mat Bakpabeier beluechtent Blech leeën am Schäffchen baken bis déi Croûtonen schéin brong sinn (Schäffchen op 180°C).
  6. 6D’Zopp gudd waarm zerwéieren. Den Botter Topping ant Zopp maachen an mat den Knuewelek Croûtonen garnéiren.