Geméis Krockette

Schwieregkeetsgrad 2/5

Mécht 16 Krockette • Preparatioun: 20 Min • Kachen : 15 Min • Rezept vun Vegelizious

  • -100g Muerten
  • -140 g Brokkoli, gefrueren
  • -130g Chapelur (+ ongeféier 30g fir ze panéieren)
  • -100g Kicherierbes, ofgeschott
  • -20g Cheddar, geraaspelt
  • -1 Ee
  • -1 Téiläffel Oregano, gedréchent
  • -1 Téiläffel gereecherten Paprikapolver
  • -1 Téiläffel Knuewelekpolver
  • -1 Téiläffel Zwiwwelpolver
  • -Salz a Peffer
  • -Ketchup
Geméis Krockette

  1. 1Muerten schielen an rappen. Brokkoli an der Mikrowell entdeeën oder an en Deppen mat kachendem Waasser fir 5 Min kachen, dann reng hacken.
  2. 2D’Flëssegkeet aus de Muerten an aus dem Brokkoli pressen. Uschléissend an eng Schossel ginn.
  3. 3Mat enger Forschett d’ Kicherierbesse zerdrécken ant Schlossel mat den Muerten a Brokkoli ginn. De Cheddar an d’Gewierzer dobäiginn a gutt réieren.
  4. 4130g Chapelur an een Ee dobäiginn a gutt réiren bis all d’Ingredienten gutt kombinéiert sinn a zesummen haalen. Bei Bedarf e bëssen méi Chapelur derbäimëschen.
  5. 5Aus der Geméis Mëschung 16 Krocketten formen. All Krocketten am Chapelur rullen, sou dass se iwwerall bedeckt sinn.
  6. 6D’Krocketten op ee mat Bakpabeier beluechte Blech leeën.15-20 Minutten am Schäffchen (200 C) bake bis se gëllen a knuspereg sinn. Dobäi an der haltschegt vun der Zäit emdreien
  7. 7Wann Dir léiwer d’Kroketten an enger Pan wëllt kachen: genuch Ueleg an enger Pan erhëtzen, sou dass den Buedem bedeckt ass. D’Krocketten op all Säit jeeweils 3 Minutten ubroden bis se gëllen a knuspereg sinn. Op Kichepabeier ofdrëpsen.
  8. 8D’Kroketten direkt zerwéieren a mat Ketchup oder Ärer Liblingszooss genéissen.