Eis Mayonnaisegamm
Mat Eeër, Zitroun oder À l’ancienne: Maacht Äre Choix! Et ass eppes fir all Goût a fir all Geleeënheet derbäi!
Entdeckt eis 3 Mayonnaiserezepter – preparéiert mat Planzenueleg, Eeër, Salz, Peffer, Gewierzer a lëtzebuergeschem Moschtert. Fir all Zort si méi Formater disponibel, vun 90 g bis 9 kg.
Mayonnaise „aux œufs“
Eis sämeg lëtzebuergesch Mayonnaise mat Eeër ass déi perfekt Sauce, fir bei Ären Zaloten, Cruditéiten, Fritten a vill anere Platen ze genéissen.
D’Mayonnaise mat Eeër ass an verschiddene Formater disponibel. Esou ass se net just einfach ze genéissen, mä och ze benotzen – souwuel fir Privatpersoune wéi och fir B2B-Cienten.
Zutaten:
Rapsueleg, Eegiel (7,5%), Esseg, Moschter (Waasser, Moschterkären, Esseg, Salz, Zocker, Gewierzer), Waasser, Zocker, Salz, Antioxidationsmëttel : E385, Rosmarinextrakt, Extrakt aus gréngem Téi
Valeurs nutritionnelles pour 100g : | |||
Energie : | 3074kJ/748kcal | Matières grasses : | 82,3g |
Protéines : | 1,4g | dont acides gras saturés : | 13g |
Glucides : | 0,7g | Fibres alimentaires : | < 0,5g |
dont sucres : | 0,7g | Sel (sodium x 2,5) : | 1,03 g |
Ouni Konservéierungsstoffer, ouni Gluten
Mayonnaise „au citron“
Eis lëtzebuergesch Mayonnaise mat Zitroun huet e fruuchtege Goût an ass ideal, fir Är Platen ze wierzen oder fir bei Ären Zaloten an Entréeën ze genéissen.
Disponibel als Topdown-Behälter, Eemer oder Tube: Esou gëtt eis lëtzebuergesch Mayonnaise mat Zitroun séier eng Sauce, op déi Dir bei all Äre Molzechten net méi verzichte wëllt!
Zutaten:
Rapsueleg, Eegiel (7,5%), Esseg, Moschter (Waasser, Moschterkären, Esseg, Salz, Zocker, Gewierzer), Waasser, Zocker, Salz, Zitrounejus (1,7%), Aroma, Antioxidationsmëttel : E385, Rosmarinextrakt, Extrakt aus gréngem Téi
Valeurs nutritionnelles pour 100g : | |||
Energie : | 3046kJ/741 kcal | Matières grasses : | 81,5g |
Protéines : | 1,4g | dont acides gras saturés : | 12,94g |
Glucides : | 1g | Fibres alimentaires : | < 0,5g |
dont sucres : | 1 g | Sel (sodium x 2,5) : | 0,994 g |
Ouni Konservéierungsstoffer, ouni Gluten
Mayonnaise „à l’ancienne“
Eis lëtzebuergesch Mayonnaise „à l’ancienne“ mat hirer pikanter Note an hirem authentesche Goût ass onverzichtbar, fir all Är Platen, Saucen an Äert Fleesch nach méi ze ënnersträichen.
Fir all Dag, bestëmmte Geleeënheeten oder an der Restauratioun: Dir fannt eis lëtzebuergesch Mayonnaise „à l’ancienne“ an där Gréisst, déi am beschte bei Är Besoine passt.
Zutaten:
Rapsueleg, Eegiel (7,5%), 6% Moschter “à l’ancienne” (Waasser, Moschterkären, Esseg, Salz, Zocker, Wäin, Gewierzer), Esseg, Waasser, Saltz, natierlech Extrakt (Moschter), Aroma, Faarfstoff : Beta-Carotin, Antioxidationsmëttel : E385, Rosmarinextrakt, Extrakt aus gréngem Téi
Valeurs nutritionnelles pour 100g : | |||
Energie : | 2929kJ/712kcal | Matières grasses : | 77,6g |
Protéines : | 2,3g | dont acides gras saturés : | 12,27g |
Glucides : | 1,9g | Fibres alimentaires : | 1,2g |
dont sucres : | 1,9g | Sel (sodium x 2,5) : | 1,29g |
Ouni Konservéierungsstoffer, ouni Gluten
E Format fir all Geleeënheet
Informatioune fir B2B-Clienten
All eis Formater fir B2B-Clienten sollen den Transport, d’Lagerung an de Gebrauch vereinfachen a gläichzäiteg den eenzegaartege Goût vun eise Produiten erhalen.
-
Stick
14 g -
Mini-Bokal
32 g -
Eemer
1 kg -
Eemer
1 kg -
Pet
2,8 kg -
Eemer
9 kg