Eis Mayonnaisegamm
Mat Eeër, Zitroun oder À l’ancienne: Maacht Äre Choix! Et ass eppes fir all Goût a fir all Geleeënheet derbäi!
Entdeckt eis 3 Mayonnaiserezepter – preparéiert mat Planzenueleg, Eeër, Salz, Peffer, Gewierzer a lëtzebuergeschem Moschtert. Fir all Zort si méi Formater disponibel, vun 90 g bis 9 kg.
Mayonnaise „aux œufs“
Eis sämeg lëtzebuergesch Mayonnaise mat Eeër ass déi perfekt Sauce, fir bei Ären Zaloten, Cruditéiten, Fritten a vill anere Platen ze genéissen.
D’Mayonnaise mat Eeër ass an verschiddene Formater disponibel. Esou ass se net just einfach ze genéissen, mä och ze benotzen – souwuel fir Privatpersoune wéi och fir B2B-Cienten.
Zutaten:
Rapsueleg, Eegiel (7,5%), Esseg, Moschter (Waasser, Moschterkären, Esseg, Salz, Zocker, Gewierzer), Waasser, Zocker, Salz, Antioxidationsmëttel : E385, Rosmarinextrakt, Extrakt aus gréngem Téi
Valeurs nutritionnelles pour 100g : | |||
Energie : | 3074kJ/748kcal | Matières grasses : | 82,3g |
Protéines : | 1,4g | dont acides gras saturés : | 13g |
Glucides : | 0,7g | Fibres alimentaires : | < 0,5g |
dont sucres : | 0,7g | Sel (sodium x 2,5) : | 1,03 g |
Ouni Konservéierungsstoffer, ouni Gluten

Mayonnaise „au citron“
Eis lëtzebuergesch Mayonnaise mat Zitroun huet e fruuchtege Goût an ass ideal, fir Är Platen ze wierzen oder fir bei Ären Zaloten an Entréeën ze genéissen.