Aïoli Courgetten Puffer

Schwieregkeetsgrad 3/5

Mécht 25 Puffer – Zoubereedung: 45 Minutten

  • -300g Courgetten
  • -1/2 Téiläffel Salz
  • -2 Fréijoerszwiwwelen
  • -120g Miel
  • -1 Ee
  • -3 Iessläffel Moutarderie de Luxembourg Aïoli
  • -2 Iessläffel Dill, gehackt
  • -1 Téiläffel gedréchent Mente
  • -Zest vun 1/2 Zitroun
  • -Peffer
  • -Olivenueleg, fir ze broden
Aïoli Courgetten Puffer

  1. 1D’Courgette rappen an an en Sift ginn. Mat 1/4 Téiläffel Salz vermëschen an fir 20 Minutten zeien loossen.
  2. 2Wärend där Zäit d’Fréijoerszwiwwelen a Scheiwe schneiden an an eng Schossel ginn.
  3. 3No 20 Minutten d’Flëssegkeet aus de Courgettë pressen.
  4. 4D’Courgetten bei d’Fréijoerszwiwwelen an d’Schossel ginn.
  5. 5D’Miel, d'Ee, den Aïoli, Dill, Mente, Zitrounenzesten, 1/4 Téiläffel Salz a Peffer derbäi ginn. Gutt vermëschen.
  6. 6Genuch Olivenueleg an eng Pan schëdde fir dass se ganz mat Ueleg bedeckt ass an erhëtzen. 8 Téiläffel vum Deeg an d’Pan ginn fir e 8 Puffer ze maachen.
  7. 7D’Puffer op all Säit 2 Minutten ubroden bis se brong sinn, dann op Kichepabeier leeën.
  8. 8E bëssen Aïoli an eng Sprëtztuut ginn an e Flapp op all Puffer sprëtzen. Mat Dill dekoréieren an d’Puffer direkt zerwéieren.
  9. 9- TIP: D’Puffer kennen am Viraus preparéiert ginn an am Schäffchen opgewiermt ginn.