Pouletsbrëschtche mat BBQ Zooss

Schwieregkeetsgrad 2/5

En einfacht a schnellt Rezept dat der ganzer Famill gefält

  • -4 Pouletsbrëschtchen
  • -3 EL Olivenueleg
  • -1,5 TL Paprikapolver
  • -2 EL Zitrounejus
  • -3 gepresste Knuewelekszéiwen
  • -1 TL Salz
  • -Peffer
  • -250 ml „klassesch” BBQ Zooss vun der Moutarderie de Luxembourg
Pouletsbrëschtche mat BBQ Zooss

  1. 1D’Pouletsbrëschtchen an der Längt duerchschneiden soudatt et am Enn 8 Stécker sinn. Se an eng Gefréiertut apaken.
  2. 2Den Olivenueleg, Paprika, Zitrounejus an de gepresste Knuewelek an enger Schossel mëschen. Dëse Melange an d’Gefréiertut op de Poulet schëdden.
  3. 3De Poulet op d’mannst eng Stonn (maximal 24 Stonnen) an de Frigo leeën.
  4. 4De Schäffchen op 175°C virwiermen.
  5. 5De Poulet aus der Tut huelen an en op e Bakblech leeën. Mat Salz a Peffer wierzen.
  6. 6Während 20 Minutten am Schäffche baken. BBQ Zooss op d‘Fleesch man an nach fir 15 bis 20 Minutten an de Schäffchen zréckstellen. All 5 Minutten de Poulet mat BBQ Zooss bepinsele bis e komplett gekacht ass.