- -Fir d'Burger Pattien:
- -500 g Rëndsgehacktes
- -1 Ee
- -3 Iessläffel Chapelure
- -4 Iessläffel Schaarfen Moschter
- -½ Téiläffel Salz
- -Frësch gemuelene Peffer
- -Fir den Rescht:
- -2 Ennen
- -3 Iessläffel Ueleg
- -8 Iessläffel BBQ-Zooss
- -4 Burgerbréidercher
- -12 Scheiwen Raclette-Kéis
- -4 Téiläffel Schaarfen Moschter
- -4 Blieder gehackten Iceberg Laitue
- -4 Scheiwen gereechert Tiroler Ham
- -4 Kornischongen, a Scheiwen geschnidden
- 1Mat der Virbereedung vun de Burger-Pattien ufänken: All d’Ingredienten an enger Schossel mat den Hänn vermëschen a 4 Burger-Pattien formen. Op en Teller leeën a op d’Säit stellen.
- 2D’Enne schielen an a Scheiwen schneiden. 2 Iessläffel Ueleg an enger Pan erwiermen an d'Enne mat enger Pouz Salz 8 Minutte bei mëttlerer Hëtzt ubroden, bis se ganz mëll sinn. Vun der Kachplack huelen an 4 Iessläffel BBQ-Zooss ënnerréieren. D'Mëschung an eng Schossel ëmfëllen an op d’Säit stellen.
- 3D'Pan ofmaachen. D’Burgerbréidercher opschneiden an all opgeschnidde Säit an der Pan réischteren, bis se liicht brong ginn.
- 4Eng Scheif Raclette-Kéis an der Pan schmëlze loossen, bis Blosen entstinn. En Burger-Deckel op de Kéis leeën, aus der Pan huelen an mat dem Kéis no uewen ofkillen loossen. Mat den 3 Burger-Bréidercher widderhuelen.
- 52 Iessläffel Ueleg an der Pan erwiermen an d'Burger-Pattien 3 Minutten ubroden, d’Pan dobäi zoudecken. No 3 Minutten, d'Burger-Pattien ëmdréien an nach 2 Minutten ofgedeckt ubroden. No 2 Minutten, de Deckel erofhuelen, d’Pattien uewendrop mat Moschter besträichen, ëmdréien an op jiddereen eng Scheif Raclette-Kéis leeën. D'Pan erëm zoudecken an nach eng Minutt ubroden.
- 6Ee Läffel BBQ-Soss op all ënnescht Brouthaltschegt sträichen. Mat e bëssen gehackter Zalot beleeën an en Burger-Patty drop setzen. Mat engem Läffel Ennen bedecken, dann eng Scheif Ham dropleeë dann geschniddenen Kornischongen an zum Schluss mat engem knuspregen Burger-Deckel zerwéieren.