- -2 Tomaten « Cœur de Bœuf » oder normal 4 Tomaten
- -3-4 Iessläffel Moschter "l’originale "
- -1 Rull Bliederdeeg oder Quiche- & Taartendeeg (« pâte brisée »)
- -3 Iessläffel Herbes de Provence
- -1 Ee
- -1 Iessläffel Seesam
- -1 Iessläffel Olivenueleg
- -Salzflacken
- -Schwarzen Peffer
- 1De Schäffchen op 190°C virhëtzen.
- 2Den Deeg op engem Bakblech ausrullen. Den Deeg mat enger Forschette e puer mol apicken.
- 3De Moschter um Deeg verdeelen an mat herbes de Provence bestreeën.
- 4Tomaten a reng Scheiwe schneiden an op dem Moschter verdeelen (Tomaten kënnt dir virdrun op engem Kichepabeier ofdrëpse loossen). Mat Salz a Peffer ofschmaachen.
- 5De Rand vum Deeg op d’ Tomate klappen. D’Ee verquirlen, de Rand domadder besträichen a mat Seesam bestreeën.
- 6D’ Taart fir 30 bis 35 Minutte bake bis de Rand liicht gëllen ass an d’Tomaten zaart sinn. E Schotz Olivenueleg iwwergéissen an eng Pouz Salzflacken driwwer streeën.