Geméistaart

Schwieregkeetsgrad 1/5

Preparatioun: 30 Min •  Schäffchen: 40 Min • Rezept vun Lolo et sa Tambouille.

  • -1 Rull Bliederdeeg oder Quiche- & Taartendeeg (« pâte brisée »)
  • -2 kleng roud Paprika
  • -1 kleng giel courgette
  • -6 Tomate-cerisen
  • -1 Knuewelekszéif
  • -200 g Frëshkéis (wéi z.B « Saint Môret »)
  • -1 Ee
  • -1 Iessläffel Moschter "à l'ancienne"
  • -E bëssen Parmesan, gerappt
Geméistaart

  1. 1Den Deeg op engem Bakblech ausrullen. Den Deeg mat enger Forschette e puer mol apicken.
  2. 2D‘ Knuewelekszéif schielen an a reng Tranchen schneiden. Den rouden Paprika wäschen an a dënn Tranchen schneiden. D’Courgette wäschen an a kleng Wierfelen schneiden.
  3. 3De Knuewelek an enger Pan mat e bëssen Ueleg 2 Minutte ubroden. D’Paprika an d’Courgette dobai maachen a brutschelen lossen bis se mëll sinn (et dauert ongeféiert 20 bis 25 Minutte). Dobäi reegelméisseg dréien.
  4. 4An der Tëschenzäit, Tomate-cerisen halbéieren. De Schäffchen op 180°C virhëtzen.
  5. 5De Moschter um Deeg verdeelen an d‘Geméis drop verdeelen.
  6. 6Fir de Flan d‘ Ee mat dem Frëshkéis opschloen an iwwert d’Geméis schëdden.
  7. 7Tomate-cerisen an engem schéine Muster drop verdeelen, déi geschnidden Säit no uewen a liicht bäidrécken.
  8. 8D’Parmesan Stécker iwwert d‘Quiche verdeelen.
  9. 9D’ Taart fir 35 bis 40 Minutten baken.
  10. 10Dëss Taart schmaacht wotlech am beschten, mat enger gréng Zalot niewendrun.