Summer Burger mat Piisch

Schwieregkeetsgrad 1/5

Fir 2 Burgers • Preparatioun:  20 Minutten + grillen • Rezept vun Weymis BBQ

  • -2 Burgerbréidecher
  • -2 Rëndsfleesch Patties
  • -1 Burrata
  • -2 Scheiwen réi Ham
  • -Basilikum
  • -BBQ Sauce
  • -Schwaarze Peffer
  • -Piisch-Salsa :
  • -8 Kiischtetomaten (oder 1 normal)
  • -1 Piisch
  • -1 kleng roud Ënn
  • -1/2 gréngen Chili
  • -1 Knuewelekzéif
  • -1 TL schaarfe Moschter (Moutarde Forte)
  • -1 TL Ahornsirop
  • -2 EL Olivenueleg
  • -Péiterséileg
  • -E Sprëtzer Zitroun
  • -Salz a Peffer
Summer Burger mat Piisch

  1. 1Virbereedung vun der Salsa : D‘ Piisch an d'Tomaten a kleng Wierfelen schneiden. Ënn a Knuewelek schielen, Chili botzen. Alles reng hacken a mat den Tomaten an der Piisch vermëschen. Den Péiterséileg wäschen a reng hacken. Ueleg, Moschter, Ahornsirop, Zitrounejus gut vermëschen, iwwert d‘Piisch-Tomaten Mëschung schëdden a gutt vermëschen, mat Salz a Peffer ofschmaachen. D’Salsa bis zum Gebrauch kal stellen.
  2. 2Prepartioun Burger : De Grill (oder d'Pan) erhëtzen an d’ Bréidecher toasten. Uschléissend d'Pattien säfteg ubroden
  3. 3Opbau Burger : Burgerbréidchen-Buedem, 2 Iessläffel Salsa, Patty, BBQ Zooss, 1/2 Burrata, Schwaarzen Peffer op d’Burrata maan, 1 tranche réi Ham, 3-5 Basilikumblieder, Burgerbréidchen-Deckel