Vegetaresche Hierschtburger mat Choufleur a Kürbis

Schwieregkeetsgrad 2/5

Fir 4 Burgers • Preparatioun + Kachen :  45 Minutten • Rezept vun Weymis BBQ

  • -4 Burgerbréidercher
  • -e klenge Hokkaido Kürbis
  • -Maiséierchers Zalot
  • -4 Scheiwen Raclette Kéis
  • -Aïoli
  • -8-10 Hackernëss
  • -Olivenueleg
  • -1-2 TL Currypolver
  • -Gromperen a Choufleur Patty :
  • -300 g Gromperen
  • -300 g Choufleur
  • -3-4 Iessläffel Miel (alternativ Panéiermiel)
  • -2 Téiläffel Moschter
  • -1 Ee
  • -Fréijoer Ënnen
  • -Péiterséileg
  • -Peffer a Salz
Vegetaresche Hierschtburger mat Choufleur a Kürbis

  1. 1D'Gromperen schielen an schneiden, de Choufleur botzen an schneiden, beides dann kachen bis alles mëll ass.
  2. 2Gromperen a Choufleur mat engem Stampfer zerdrécken, Moschter, Ee, Miel, Fréijoerszwiwwell a Péiterséileg dobäi ginn an ënnermëschen. D'Mëschung soll steif sinn, wann néideg e bësse méi Miel oder Panéiermiel dazou ginn. Mat Salz a Peffer ofschmaachen. 4 Patties formen an an de Frigo stellen.
  3. 3An der Tëschenzäit de Kürbis botzen, an dënn Scheiwen schneiden an mat Olivenueleg besträichen. Mat Curry a Peffer würzen. D’Zalot botzen. D'Nëss opmaachen a fein hacken.
  4. 4D’Burgerbuns an enger Pan mat Botter toasten. D’Patties entweder an enger Pan mat Ueleg ubroden oder se zesumme mat dem Kürbis am Uewen bei 180 Grad 15 Minutten baaken. Den Kürbis no 10 Minutten ëmdréien an mat Raclette Kéis nach 5 Minutten iwwerbaken.
  5. 5Burger opbauen : Bun Buedem, 2 Iessläffel Aioli, Zalod, Nëss, Patty, nach e bessi Aïoli, Kürbiskéis-Kéis Mëschung, Bun Deckel