Kéis Rullen

Schwieregkeetsgrad 3/5

Mécht  25-30 Rullen • Preparatioun : 30 Min. • Kachen : 15 Min • Rezept vun reyhanskitchenn

  • -25 – 30 Dräiecke Yufka Bliederdeeg
  • -300 g Tierkesche Feta
  • -100g Mozzarella, gerappt
  • -1 Ee
  • -1 Taass Péiterséileg, reng gehackt
  • -½ Téiläffel Schwaarze Peffer,  frësch gemuelen
  • -Eng Pouz Salz (fakultativ)
  • -Planzenueleg, fir ze frittéieren
  • -*disponibel am Tierkesche Supermarché.
Kéis Rullen

  1. 1De Feta an enger Schossel zergrimmelen. De gerappte Mozzarella derbäiginn a gutt réieren.
  2. 2De Péiterséileg an d’Ee dobäiginn, mat Peffer a Salz ofschmaachen a gutt réieren.
  3. 3Ee Yufka Dräieck op d’Aarbechtsplack leen. D'Kéis Mëschung op déi méi breet Säit verdeelen (bësse Sputt riets a lénks loossen). De Borek riets a lénks zesummeklappen, da rullen. D’Spëtzt mat Waasser versigelen. Dës Etapp widderhuele bis d' Kéis Mëschung opgebraucht ass (wéi een déi Kéis Staangen am beschte rullt gesitt Dir an dem Rezept Video op YouTube)
  4. 4Den Ueleg op 185°C erhëtzen an d’Kéis Rullen ubrode bis se knuspereg a gëlle sinn. Frittéiert net ze vill Rulle gläichzäiteg. No dem Frittéieren d’Kéis Rullen op engem Teller mat Kichepabeier ofdrëpsen.
  5. 5Wotlech oder kal zerwéieren, mat Ketchup a Mayo als Dip.