- -140g Thon aus der Bécks (am Waasser), ofgeschott
- -1 Fréijorszwiwwel
- -10g Koriander
- -50g Moutarderie de Luxembourg Cocktail Zooss
- -1 Limett
- -Salz a Peffer
- -15 Sandwichscheiwen ouni Rand
- -Olivenueleg, fir ze besträichen
- -Forellen- oder Saumonseeër
- 1Den ofgeschoddenen Thon an en Sift ginn an nach weider ofdrëpsen loossen wärend di reschtleg Ingredienten preparéiert ginn.
- 2D’Fréijorszwiwwel an Scheiwen schneiden an an e klenge Mixer ginn. De Koriander grob hacken an mat der Cocktail Zooss an de Mixer ginn.
- 3Den Thon mat engem Läffel am Sift ausdrécken, fir de Rescht Flëssegkeet rauszedrécken, an an de Mixer ginn.
- 4De Zest vun 1/4 Limett ofreiwen an mat 1 Iessläffel Limettejus bei den Thon derbäiginn. Generéis mat Salz a Peffer wierzen an zu enger Paste mixen.
- 5Eventuell mat méi Salz a Peffer ofschmaachen.
- 6D’Paste an e Sprëtzbeutel mat enger Stärenförmeger Nues ginn an bis zu Gebrauch kal stellen.
- 7Fir d’Stären Croutonen: den Schäffchen op 160°C erhëtzen.
- 8Eng Sandwichscheif op en Schneitbriet ginn an mat enger Bakrull plattrullen.
- 9Mat engem stärenförmegen Ausstiecher 4 Stären aus all Scheif ausstiechen.
- 10D’Stären jeeweils op enger Säit mat Olivenueleg besträichen an op e Bakblech leen. D’Stären 10 Minutten am Schäffchen baken.
- 11Nom Ofkillen e bëssi Thon-Paste op all Stär sprëtzen an virum zerwéieren mat Fescheeër an Koriander dekoréieren.