- -100g Muerten
- -140 g Brokkoli, gefrueren
- -130g Chapelur (+ ongeféier 30g fir ze panéieren)
- -100g Kicherierbes, ofgeschott
- -20g Cheddar, geraaspelt
- -1 Ee
- -1 Téiläffel Oregano, gedréchent
- -1 Téiläffel gereecherten Paprikapolver
- -1 Téiläffel Knuewelekpolver
- -1 Téiläffel Zwiwwelpolver
- -Salz a Peffer
- -Ketchup
- 1Muerten schielen an rappen. Brokkoli an der Mikrowell entdeeën oder an en Deppen mat kachendem Waasser fir 5 Min kachen, dann reng hacken.
- 2D’Flëssegkeet aus de Muerten an aus dem Brokkoli pressen. Uschléissend an eng Schossel ginn.
- 3Mat enger Forschett d’ Kicherierbesse zerdrécken ant Schlossel mat den Muerten a Brokkoli ginn. De Cheddar an d’Gewierzer dobäiginn a gutt réieren.
- 4130g Chapelur an een Ee dobäiginn a gutt réiren bis all d’Ingredienten gutt kombinéiert sinn a zesummen haalen. Bei Bedarf e bëssen méi Chapelur derbäimëschen.
- 5Aus der Geméis Mëschung 16 Krocketten formen. All Krocketten am Chapelur rullen, sou dass se iwwerall bedeckt sinn.
- 6D’Krocketten op ee mat Bakpabeier beluechte Blech leeën.15-20 Minutten am Schäffchen (200 C) bake bis se gëllen a knuspereg sinn. Dobäi an der haltschegt vun der Zäit emdreien
- 7Wann Dir léiwer d’Kroketten an enger Pan wëllt kachen: genuch Ueleg an enger Pan erhëtzen, sou dass den Buedem bedeckt ass. D’Krocketten op all Säit jeeweils 3 Minutten ubroden bis se gëllen a knuspereg sinn. Op Kichepabeier ofdrëpsen.
- 8D’Kroketten direkt zerwéieren a mat Ketchup oder Ärer Liblingszooss genéissen.