Eeër Mimosa Variatiounen

Schwieregkeetsgrad 1/5

Fir 4 Pers. • Preparatioun : 20 Min • Kachen : 10 Min • Rezept vun carnetdesaveurs

  • -6 Eeër
  • -130g mayonnaise „à l’ancienne“
  • -Thon aus der Bécks (am Waasser), ofgeschott
  • -½ Rout Rommel, püréiert
  • -1 Téiläffel Tandoori-Gewierzmëschung
  • -Bratzel an Kierwel fir ze dekoréieren
Eeër Mimosa Variatiounen

  1. 1Waasser an en Deppe ginn an opkachen. Wann d’Waasser bis kacht, d’ Eeër 10 Minutte kache loossen. Duerno a kaalt Waasser dauchen, da schielen an an der Längt no an 2 schneiden.
  2. 2D’Eewäiss vum Dueder trennen. Den Dueder zergrimmelen a mat der Mayonnaise mëschen. Déi Mëschung „Mayo-Dueder“ an 3 Schosselen opdeelen.
  3. 3Thon ofschëdden an ausdrécken.
  4. 4Den Thon mat der Mayonnaise an enger Schossel mëschen.
  5. 5An eng anneren Schossel d‘Tandoori-Gewierzmëschung mat der Mayonnaise mëschen.
  6. 6An enger drëtter Schossel déi püréiert Rout Rommel mat der Mayonnaise mëschen.
  7. 7Mat enger Sprëtztuut jeweils 4 Eeër Hallschenten garnéieren an zum Schluss mat Dill an Kierwel dekoréieren.