Aïoli-Pesto Champignon Häppercher

Schwieregkeetsgrad 2/5

Fir 4 Pers. • Preparatioun: 15 Min • Kachen: 25 Min • Rezept vun Vegelizious

  • -500g brong « Champignons de Paris »
  • -50g Aïoli
  • -50g Basilikum Pesto
  • -30 g Parmesan, gerappt
  • -50g Panéiermiel
  • -150g Ram
  • -Schwarz Peffer & Salz
  • -Topping :
  • -10g Panéiermiel
  • -30 g Parmesan, gerappt
Aïoli-Pesto Champignon Häppercher

  1. 1De Schäffchen op 180°C virhëtzen.
  2. 2Champignonen botzen an Stiller ewechschneiden. Stiller reng schneiden an déi „Hitt“ op d'Säit leeën.
  3. 3Ueleg an enger Pan erwiermen an d‘Stiller 5 Minutten ubroden.
  4. 4All d’Ingredienten fir d‘Fëllung (Aïoli, Pesto, Parmesan, Panéiermiel, Sauerram an d’gebrodene Stiller) an eng Schossel ginn, mat Salz a Peffer ofschmaachen a gutt mëschen.
  5. 5D’Hitt mat der Fëllung garnéieren (do kann een eng Sprëtztuut benotzen), an op e Bakblech leeën.
  6. 6Panéiermiel an de Parmesan mëschen an iwwer d’Champignonen strëen.
  7. 720 bis 25 Minutten bake bis d’Champignonen mëll sinn an den Topping gëllen ass. Waarm oder kal zerwéieren, als Entrée oder als Bäilaach.