- -300g Wermischel
- -200g Speckgréiwen
- -3,5 Iessläffel « Moutarde forte »
- -3 grouss Eeër
- -2 Iessläffel Péiterséileg, reng gehackt
- -90g Parmigiano Reggiano oder Grana Padano, gerappt
- -Olivenueleg
- -Salz a Peffer
- 1D’ Nuddelen am Salzwaasser kache bis se al dente sinn, ofschëdden an op d'Säit leeën.
- 2Speckgréiwen an enger Pan ubrode bis se knuspreg sinn. Op d'Säit leeë mat dem Fett vun de Gréiwen.
- 3D’Eeër mat Parmesan, Moschter a Péiterséileg an enger grousser Schossel opschloen. Gréiwen mam Fett derbäiginn a vermëschen.
- 4Nuddelen derbäiginn a vermësche bis den Eeër Mix gutt verdeelt ass.
- 5Ueleg an enger Pan erhëtzen, sou dass de Buedem bedeckt ass. Mat hëllef vun enger Forschette eng Zort Puffer aus den Nuddele formen a virsiichteg an d’Pan leen. Op alle Säiten ubrode bis se liicht brong sinn, dann op Kichepabeier leeën.
- 6Waarm zerwéieren a mat Ärer Liblingszooss genéissen.