Crevetten-Dip

Schwierigkeit 1/5

Preparatioun: 10 Min • Rezept vun Apron&Whisk

  • -300 g gekachte Crevetten, a kleng Stécker geschnidden
  • -3 Iessläffel Mayonnaise mat Eeër
  • -1 Téiläffel Andalouse-Sauce
  • -1 Iessläffel gehackte Kaperen
  • -1 Schalott, fein gewierfelt
  • -1 Téiläffel geräucherten Paprikapolver
  • -Eng Handvoll gehackten Dill a Péiterséileg
  • -1 Iessläffel Zitrounejus
  • -½ Téiläffel schwaarze Peffer
  • -Salz no Goût
Crevetten-Dip

  1. 1Dréchent déi gekachte Crevetten mat Kichepabeier of a schneit se a kleng Stécker. Hackt d'Schalott an d'Kraider fein.
  2. 2An enger Schossel mëscht dir d'Mayonnaise, d'Andalouse-Sauce, de Zitrounejus, de schwaarze Peffer an de geräucherten Paprikapolver, bis eng gläichméisseg Zooss entsteet.
  3. 3Gitt déi gehackte Crevetten, d'Kaperen, d'Schalotten an d'Kraider dobäi.
  4. 4Mëscht alles virsiichteg ënnerenee, sou datt all d'Zutate gutt mat der Zooss bedeckt sinn.
  5. 5Wann néideg, mat Salz ofschmaachen.
  6. 6Servéiert de Crevetten-Dip als Dip oder als Entrée mat äre Liblingscracker.