Eisekuche mat Comté a Moschter

Schwieregkeetsgrad 2/5

Fir 6-8 Eisekuchen • Preparatioun: 30 Min • Backzäit: 4 -5 Min pro Portioun  • Rezept vun passionmeetscreativity

  • -200 g Miel
  • -150 g gerappte Comté AOP (12 bis 18 Méint geräift)
  • -2 Eeër
  • -250 ml Mëllech
  • -50 g geschmolte Botter
  • -1 Tut Bakpolver (11 g)
  • -2 Iessläffele Moschter „à l’Ancienne"
  • -1 Iessläffel Moschter „L’Originale“
  • -Frësch gemuelene Peffer
  • -Eng Pris Salz
  • -Fir d'Moschtercrème :
  • -100 g wäisse Kéis mat Ram (oder 100g Sauerram)
  • -1 geheeften Téiläffel Moschter „L’Originale“
  • -1 Téiläffel Hunneg
  • -E puer Drëpsen Zitrounejus
  • -E bësse frësch gehackte Bratzelen
Eisekuche mat Comté a Moschter

  1. 1D'Miel, d'Bakpolver, d'Salz an de Peffer an enger Schossel gutt vermëschen.
  2. 2D'Eeër derbäiginn an d'Mëllech lues a lues dobäi schëdden an alles mat engem Schnéibiesem gutt verréieren, bis e glaten Deeg entsteet
  3. 3De geschmolte Botter an déi zwou Moschterzorten derbäiginn a gutt ënnerréieren
  4. 4De gerappte Comté virsiichteg ënner den Deeg hiewen
  5. 5Den Deeg 15 Minutte roue loossen
  6. 6D'Eisekuchseise virhëtzen an d'Eise liicht mat Botter afetten
  7. 7Eng Portioun Deeg an d'Eisekuchseise ginn an d'Eisekuche 4 bis 5 Minutte baken, bis se schéin hellbrong sinn
  8. 8Déi fäerdeg Eisekuchen op eng Hiertche leeën, fir datt se schéi knuspereg bleiwen
  9. 9De wäisse Kéis oder déi Sauerram mam Moschter, dem Hunneg an dem Zitrounejus zu enger glater Crème verréieren. D’Bratzelen ënnermëschen an d'Moschtercrème kal stellen.Déi waarm, knuspereg Eisekuche mat der Moschtercrème zerwéieren