Caesar Salad
Schwieregkeetsgrad
Zalot, Poulet, Schallotten … eppes Liichtes kache mat dësem Rezept fir Caesar Salad mat Poulet a lëtzebuergeschem Moschter „original“!
- -4 Pouletsschnitzelen
- -1 Zalot
- -Parmesansspéin
- -5 Stécker Zwiback
- -E puer Croutonen
- -1 Zitroun
- -1 kleng geschnidde Schallott
- -Paprika
- -Botter
- -Salz
- -Peffer
- -4 Zoppeläffele Crème fraîche
- -Zitrounejus
- -Lëtzebuergesche Moschter „original“
- -Gerappte Parmesan
- 1D’Pouletsschnitzelen a kleng Sträife schneiden.
- 2Mat dem Jus vun enger ½ Zitroun vermëschen a 4 Stonnen am Frigo marinéiere loossen.
- 32 Stécker Zwiback zergrimmelen. Mat Paprika, Salz a Peffer wierzen.
- 4D’Pouletssträife mat der Chapelure panéieren an duerno 8 bis 10 Minutten an enger waarmer Pan mat Botter ubroden.
- 5Den Zwiback, d’Zalot, d’Croutonen, d’Schallott, de Parmesan an de Poulet an enger Zaloteschossel vermëschen.
- 6D’Crème fraîche, de lëtzebuergesche Moschter „original“, den Zitrounejus an e bësse Parmesan derbäimaachen
- 7D’Pouletssträifen op d’Mëschung leeën.
- 8Salzen, pefferen an Iech eng Freed maachen!