Pouletsbrëschtche mat BBQ Zooss
Schwieregkeetsgrad
En einfacht a schnellt Rezept dat der ganzer Famill gefält
- -4 Pouletsbrëschtchen
- -3 EL Olivenueleg
- -1,5 TL Paprikapolver
- -2 EL Zitrounejus
- -3 gepresste Knuewelekszéiwen
- -1 TL Salz
- -Peffer
- -250 ml „klassesch” BBQ Zooss vun der Moutarderie de Luxembourg
- 1D’Pouletsbrëschtchen an der Längt duerchschneiden soudatt et am Enn 8 Stécker sinn. Se an eng Gefréiertut apaken.
- 2Den Olivenueleg, Paprika, Zitrounejus an de gepresste Knuewelek an enger Schossel mëschen. Dëse Melange an d’Gefréiertut op de Poulet schëdden.
- 3De Poulet op d’mannst eng Stonn (maximal 24 Stonnen) an de Frigo leeën.
- 4De Schäffchen op 175°C virwiermen.
- 5De Poulet aus der Tut huelen an en op e Bakblech leeën. Mat Salz a Peffer wierzen.
- 6Während 20 Minutten am Schäffche baken. BBQ Zooss op d‘Fleesch man an nach fir 15 bis 20 Minutten an de Schäffchen zréckstellen. All 5 Minutten de Poulet mat BBQ Zooss bepinsele bis e komplett gekacht ass.