Gegrillten Brie-Sandwich

Schwieregkeetsgrad 3/5

Mécht 1 groussen Sandwich fir 1-2 Persounen – Preparatioun: 30 Minutten. Rezept vun Anne’s Kitchen.

  • -1 rout Enn
  • -e bëssi Thymian 
  • -1 Iessläffel Zocker
  • -1 Iessläffel Äppelesseg 
  • -2 Scheiwen Brout mat Nëss
  • -2 Iessläffel  staarken Moschter
  • -2 Iessläffel Hunneg
  • -100g Brie
  • -e puer dënn Äppelscheiwen 
  • -eng gutt Handvoll Ruccola
  • -Salz
  • -frësch gemuelenen schwaarzen Peffer
  • -Botter, fir ze broden
Gegrillten Brie-Sandwich

  1. 1D’Enn schielen an a Scheiwen schneiden. 15g Botter an enger Pan schmëlzen an d’Ennen mat enger Pouz Salz an e bëssen Thymian bei mëttlerer Hetzt eng 8 Minutten ubroden, dobäi reegelméisseg réieren (e Schotz Waasser derbäiginn wann d’Ennen beim ubroden ze dréchen schéngen).
  2. 2Den Zocker derbäiginn an weider 2 Minutten broden, dann den Esseg derbäiginn an nach eng Minutt broden. Mat schwaarzem Peffer wierzen an op d’Säit stellen.
  3. 3D’Broutscheiwen an zwee Schneiden, sou dass een 4 Scheiwen kritt. De Moschter an den Hunneg an enger klenger Schossel vermëschen an op de Broutscheiwen verdeelen.
  4. 4Den Brie an Scheiwen schneiden an op de 4 Broutscheiwen verdeelen. Jeeweils mat e bëssen gebrodenen Ennen beleeën, dann 2 Scheiwen mat Äppelscheiwen beleeën an di aner zwou mat Ruccola bedecken. Jeeweils eng Broutscheiw mat Apel op eng Ruccolascheiw leen, sou dass e Sandwich entsteet. E bëssen Botter uewen op di zwee Sandwichen sträichen
  5. 5Eng grouss Pan erhëtzen an d’Sandwichen mat der Bottersäit no ënnen an d’Pan leen. En schwéiert Dëppen oder en Teller mat Béchsen op d’Sandwichen stellen, fir d’Sandwichen plattzedrécken. Bei schwaacher Hëtzt 2 ½ Minutten broden.
  6. 6Soubal d’Sandwichen ënnen schéin brong sinn, d’Gewiicht erofhuelen an e bëssen Botter uewen op d’Sandwichen sträichen. D’Sandwichen ëmdréien an erëm d’Gewiicht dropstellen an weider 2 ½ Minutten broden, bis de Kéis geschmolt ass.. D’Sandwichen direkt zerwéieren