Fleeschtäschen
Schwieregkeetsgrad
Bei dësem Rezept vergiesse mer de Regime an huelen de Ram, d’Eeër an – jee no Preferenz – de Moschter „forte“ oder „original“ eraus a maachen eis eng Freed!
- -10 Blieder Bliederdeeg
- -300 g Gehacktes
- -1 Ënn
- -2 Eeër
- -2 Zoppeläffele Crème fraîche
- -1 Zoppeläffel lëtzebuergesche Moschter „forte“ oder „original“
- -1 zerdréckten Zéif Knuewelek
- -Salz
- -Peffer
- -1 Kaffisläffel schwaarze Peffer
- -Botter
- -Ueleg fir ze frittéieren
- 1D’Ënn ganz kleng schneiden an an enger Pan mat Botter ubroden.
- 2D’Gehacktes, d’zerdréckten Zéif Knuewelek, Salz a Peffer derbäimaachen.
- 3Dat Ganzt mëschen an duerno de lëtzebuergesche Moschter „forte“ oder „original“ derbäimaachen.
- 4D’Flam erofdréinen, d’Crème fraîche an d’Eeër derbäimaachen a regelméisseg réieren.
- 5Ongeféier 3 Minutte kache loossen. D’Zéif Knuewelek eraushuelen.
- 6De Bliederdeeg an 2 schneiden an ausernee leeën.
- 7Op den ënneschten Deel vun engem vun de Bliederdeegdeeler ongeféier 1 Zoppeläffel Gehacktes maachen.
- 8Dräiecker maachen, andeems Dir d’Blieder faalt (den Eck ënne riets op de lénksen Eck vum Blat leeën).
- 9E bëssen Eegiel op de leschten Deel, deen Dir faalt, maachen, fir dass dat Ganzt schéin zou bleift.
- 10D’Dräiecker am Ueleg frittéieren.
- 11E puer Momenter waarden, fir dass se net méi esou waarm sinn. An enger Schossel zerwéieren a genéissen!