Mayonnaise Kichelcher

Schwieregkeetsgrad 2/5

8-10 Kichelcher • Preparatioun : 10 Min. • Bakuewen : 12-14 Min • Rezept vun reyhanskitchenn

  • -250 g Miel
  • -10–12 g Bakpolver (ongeféier 1 Iessläffel)
  • -3–5 g Salz (ongeféier 1 Téiläffel)
  • -120 g Mayonnaise
  • -180 ml kal Vollmëllech
  • -30 g gesalzte Botter, geschmolt
  • -½ Téiläffel Zocker
Mayonnaise Kichelcher

  1. 1De Bakuewen op 220 °C virhëtzen.
  2. 2Déi dréchen Zutaten (Miel, Bakpolver, Salz an Zocker) an eng Schossel ginn a mat engem Schnéibiesem réieren.
  3. 3An enger zweeter Schossel, d' Mëllech an d’Mayonnaise gutt vermëschen an iwwert déi dréchen Zutate schëdden. Virsiichteg ënnerréiere fir dass en Deeg entsteet. Net ze vill mëschen – den Deeg soll mëll a liicht pecheg sinn.
  4. 4D'Aarbechtsplack mat Miel bestreeën an den Deeg mat der Hand ongeféier 2 cm déck platt drécken. Benotz kee Rullholz. 8-10 Kreesser mat engem Ausstiecher oder mat engem Glas ausstiechen.
  5. 5D’Kichelcher op ee mat Bakpabeier beluechten Blech leeën (genuch Sputt tëschent de Kichelcher loossen) a mat geschmolter Botter besträichen.
  6. 612-14 Minutten am Schäffche bake bis se liicht gëlle sinn. Waarm zerwéieren oder ofkille loossen. An ee loftdichte Behälter leeën a bannent 2 Deeg konsuméieren.